B-17 Flying Fortress
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Boeing B-17 Flying Fortress (lëtz.: „Festung, déi flitt“) war e schwéiere véiermotorege amerikaneschen Bommefliger am Zweete Weltkrich. Si ass de bekannteste Bommefliger vu der US Loftwaff am Zweete Weltkrich. Si war dofir bekannt, datt se meeschtens trotz schwéiere Schied aus den Asätz zréckkoum. D'Bezeechnung Flying Fortress ass op e Comic aus de fréie 40er Joren, „Stratosphere Jim and his Flying Fortress“ vum Oskar Lebeck an Gaylord DuBois zréckzeféieren. D'B-17 huet hire Bäinumm kritt well se robust gebaut war a well se schwéier mat Waffen ausgerüst war, bis zu dräizéng schwéier Maschinnegewierer. D'komplett Besatzung vun enger Flying Fortress huet aus zéng Mann bestanen, véier dovun hunn ausschléisslich d'Maschinnengewierer bedéngt.