Heinrich Aigner

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Heinrich Aigner

Den Heinrich Aigner gebuer de 25. Mee 1924 zu Ebrach/Oberfranken, a gestuerwen de 24. Mäerz 1988 zu Amberg, war en däitsche Politiker (CSU).

Seng Carrière [änneren]

  • Zaldot am Zweete Weltkrich. Säi leschten Déngschtgrad war Leutnant.
  • Nom Krich huet hien zu Erlangen Droit studéiert.
  • 1954: Promotioun zum Dr. jur. un der Universitéit Erlangen mat der Diplomaarbecht: Untersuchungen über das Delikt der Abtreibung an Hand der gerichtlichen Akten des Landgerichtsbezirkes Amberg der Jahre 1925-1950.
  • 1954: Hie gëtt Regierungsrot am Ëffentlechen Déngscht.
  • 1957-1980: Deputéierten am däitsche Bundestag.
  • 1961-1988: (bis zu sengem Doud) Member vum europäesche Parlament. Do war hie vun 1979 u President vun der Budgetskontrollkommissioun.
  • Den Heinrich Aigner war e Frënd vu Lëtzebuerg an huet sech och villfach aktiv fir lëtzebuergesch Interessen agesat.
Commons: Heinrich Aigner – Biller, Videoen oder Audiodateien