Zytoskelett

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Zytoskelett besteet aus Proteinfilamenter déi den Zytosol vun enger Zell duerchzéien. Seng Roll ass dräifach:

  • et stellt eng mechanesch Stäip fir d'Zell duer a gëtt hir esou From a Stabilitéit
  • et erméigelecht den Transport vu Substanzen bannent der Zell
  • et ass responsabel fir d'Bewegung vun den Zellen (déi sech beweege kënnen)

Et ginn dräi Gruppe vun Proteinen déi d'Zytoskelett bilden

  • Actinfilamenter bestinn aus der polymeriséierter Protein Actin, si kommen ë.a. an de Muskele vir, wou se zesumme mat der Protein Myosin fir d'Muskelkontraktioun verantwortlech sinn.
  • Microtubuli bestinn aus der polymeriséierter Protein Tubulin, si hunn ë.a. bei der Zelldeelung eng wichteg Roll well d'Chromosomen vun hinnen auserneegezu ginn.
  • Intermediärfilamenter bestinn aus verschiddene Proteinen, z.B. Vimentin. Si hunn déi gréisst mechanesch Stabilitéit a sinn dofir heefeg an Zellen déi grousse mechanesche Konrtainten ausgesat sinn, z.B. am Daarmepithel. Si sinn un den Desmosomen an der Zellmembran verankert.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen