Kaffi
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gedrénks Kaffi. Fir d'Moolzecht, kuckt w.e.g. Kaffi (Moolzecht). |
Kaffi ass en donkelbrongt Gedrénks, dat meeschtens waarm gedronk gëtt, an dat aus geschielten, geréischterten a gemuelene Somkäre vun der Kaffisplanz, Kaffisboune genannt, gemaach gëtt, andeems d'Polver a Kontakt mat gliddegem Waasser bruecht gëtt, a sech esou d'aromatesch Ueleger an aner Substanzen am Waasser opléisen. Kaffi enthält Coffein. Déi zwou wichtegst Aarte vun der Kaffisplanz (Rubiaceae) si Coffea arabica (Arabica-Kaffi) a Coffea canephora (Robusta) mat sëllechen Zorten/Varietéiten.
Inhaltsverzeechnes |
Urspronk [änneren]
Kaffi kënnt ursprénglech aus Ethiopien. Am 16. Joerhonnert gouf de Kaffi och an Europa bekannt, fir d'éischt an Italien an a Frankräich. Vum 17. Joerhonnert un hu sech Caféen doruechter verbreet. Zënterhier gouf en och extra fir den europäesche Maart ugebaut. D'Hollänner haten, duerch d'Produktioun an hirer Kolonie Java, d'Nues vir beim Handel. Geschwënn dono hunn och d'Fransousen an d'Portugisen an hire Kolonien (Cayenne, Martinique, Guadeloupe, respektiv Brasilien) Kaffi ubaue gelooss.
Am Ufank war Kaffi rar an deier. Et gouf dofir laang fir déi, déi sech de "richtege" Kaffi net leeschte konnten, Ersatzkaffi, deen aus Malz, Schiggri, souguer alt aus Eechele gemaach gouf.
"Kaffi drénken" gouf op ville Plaze synonym fir eng eege Moolzecht, sief et Nomëttes, mat Kuch oder soss eppes Séissem, sief et, wéi zu Lëtzebuerg, fir déi éischt Moolzecht am Dag.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kaffi (Moolzecht) ![]()
Aarten an Zorten [änneren]
Ronn 60% vum ganze Kaffi, deen op der Welt produzéiert gëtt, ass Arabica-Kaffi. Dës Zort huet nëmmen hallef esou vill Coffein wéi Robusta, dofir awer méi Goût. Robusta huet ca. 36% Undeel vun der Weltproduktioun. Dës Zort ass méi resistent géint Parasiten a wiisst méi séier.
Méi siele fënnt een Zorte wéi Excelsa, Stenophylla ("Highland Coffee“) oder Maragogype. Déi deierst a sielenst Zort ass den indonesesche Kopi Luwak. Dëse gëtt aus Kaffisboune gemaach, bei deenen eng Kazenaart, Luwak genannt, fir d'éischt Kaffiskiischte gefriess an d'Kären ("Bounen") nees ausgescheet huet. Duerch d'Fermentatioun am Daarm gëtt de Goût verännert an d'Boun ass manner batter.
Weltproduktioun [änneren]
2007 war Brasilien mat 2,178 Mio. Tonne grénge Kaffibounen, a ronn 28,1 Prozent vun der Weltrekolt, dee gréisste Kaffisproduzent op der Welt.
| Land | Kaffi [1000 Tonnen] |
|---|---|
| Brasilien | 2791 |
| Vietnam | 1056 |
| Kolumbien | 689 |
| Indonesien | 683 |
| Ethiopien | 273 |
| Mexiko | 266 |
| Indien | 262 |
| Guatemala | 255 |
| Peru | 226 |
| Honduras | 218 |
Verbrauch [änneren]
Op de Kapp gerechent drénken d'Finnen am meeschte Kaffi op der Welt: All Finn drénkt an der Moyenne 11,4 kg am Joer, dat entsprécht ca. 1754 Tasen (4,8 Tase pro Dag a Persoun). Dee gréisste Gesamtverbrauch als Land hunn d'USA, 2003 waren dat geschaten 1.216.477 Tonnen.
Kaffi maachen [änneren]
Jee no Kultur, regionale Gewunnechten a perséinlechem Goût ginn et verschidde Methoden, eng Taass Kaffi ze maachen: D'gliddegt (awer net kache) Waasser gëtt dobäi entweder iwwer de Kaffi geschott (oder drëpse gelooss), deen an engem Filter ass; oder awer d'Polver gëtt mat an d'Taass gemaach, an deem Fall muss een e bësselche waarden, bis datt et sech gesat huet, ier een de Kaffi drénke kann. Bei engem Espresso gëtt d'Waasser ënner héijem Drock (9–15 bar) duerch de renggemuelene Kaffi gepresst.
Literatur [änneren]
- Stewart Lee Allen: Ein teuflisches Zeug. Auf abenteuerlicher Reise durch die Geschichte des Kaffees. Campus, Frankfurt am Main 2003, ISBN 3-593-37290-8.
- Daniela U. Ball (Hrsg.): Kaffee im Spiegel europäischer Trinksitten. Johann-Jacobs-Museum, Zürich 1991, ISBN 3-906554-06-6.
- Rolf Bernhardt, Simone Hoffmann: Die Welt des Kaffees. Umschau, Neustadt an der Weinstraße, 2007, ISBN 3-86528-604-6
- Gérard Debry: Le café et la santé, John Libbey Eurotext, Paris 1993, ISBN 2-7420-0025-9.
- Oskar Eichler: Kaffee und Coffein, 2. Aufl. Springer-Verlag, Berlin, Heidelberg, New York 1976, ISBN 3-540-07281-0.
- Ulla Heise: Kaffee und Kaffeehaus. Eine Geschichte des Kaffees. Insel, Frankfurt am Main 2002, ISBN 978-3-89836-453-9.
- Ernesto Illy: Von der Bohne zum Espresso. In: Spektrum der Wissenschaft, S. 82–87, Mai 2003,.
Kuckt och [änneren]
- Café liégeois – kalen Dessert mat just e bësse liicht séissem Kaffi, virun allem Glace mat Kaffisgoût, a Schlagsahn
- Café frappé – kal opgescheimten Instantkaffi dee mat Äiswierfelen zerwéiert gëtt
- Café glacé – en Drëttel Kaffi, en Drëttel Vanillsglace an en Drëttel Schlagsahn
- Café viennois – einfachen oder dueblen Espresso mat Schlagsahn uewen drop
- Cappuccino – en Drëttel Espresso, en Drëttel waarm Mëllech an en Drëttel waarme Mëllechschaum, dacks mat Kakaopolver uewen drop
- Deca – entkoffeinéierte Kaffi
- Espresso – ganz staarke Kaffi ouni Mëllech, bei deem d'Waasser ënnert héijem Drock (9 bar) duerch dat ganz reng gemuelent Kaffismiel gepresst gëtt
- Instantkaffi – gedréchente Kaffisextrakt dee sech duerch d'Opgéisse vu gliddegem Waasser opléist
- Irish Coffee – staarke Kaffi mat Whiskey an hallefgeschloener Ramhauf
- Latte Macchiato – wiertlech "befleckte Mëllech", also en héicht Glas waarm Mëllech op dat e bëssen Espresso geschott gëtt (bal d'selwecht: Lait russe)
- Mëllechkaffi – hallef Mëllech, hallef Kaffi (bal d'selwecht: Café au lait, Café con leche a Koffie verkeerd)
- Moccaccino – Espresso mat Schocklassirup a Mëllechschaum
- Ristretto – Espresso mat ganz wéineg Waasser (15–20 ml aplaz déi üblech 25 ml)
- Schluutjen – schlechte Kaffi, dacks well zevill Waasser duerchgelooss gouf
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Kaffi – Biller, Videoen oder Audiodateien |