Koméit Encke

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
2P/Encke
De Koméit 2P/Encke
Orbittyp kurzperiodesch
Grouss Hallefachs 2,218
Perihel 0,339 AE
Aphel 4,097 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.847
Perihelduerchgank 19. Abrëll 2007
Ëmlafdauer 3 Joer 110 Deeg
Ëmlafvitesse 69,53 km/s
Physikalesch Eegeschafte vum Kär
Duerchmiesser 4,8 km
Albedo 0,047
Entdecker Jean-Louis Pons
Entdeckungsdatum 27. November 1818
Aner Bezeechnungen
Foto vum STEREO-A Satellit: Koronale Massenausworf trëfft op de Koméit Encke a räisst de Schwäif mat sech

De Koméit Encke (offiziellen Numm 2P/Encke) ass en nom Johann Franz Encke genannte periodesche Koméit. En huet eng vun de kierzten Ëmlafzäiten vun alle bekannte Koméiten.

Dem Encke war et duerch ëmfangräich Studien a Bunnberechnunge gelongen, verschidden Observatiounen an de Joren 1786, 1795, 1805 an 1818 mateneen a Verbindung ze bréngen. Seng Resultater huet hien am Joer 1819 an der Zäitschrëft Correspondance Astronomique publizéiert, a sot den nächste Rendez-vous fir d'Joer 1822 korrekt viraus.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Seng offiziell Benennung seet, datt hien nom Koméit Halley (1P/Halley) deen zweete Koméit ass, deen als periodesch erkannt gouf. De Koméit gouf fir d'éischt de 17. Januar 1786 vum Pierre Méchain entdeckt. Bei senge Rendez-vousen 1795 gouf hie vun der Caroline Herschel, 1805 vum Jean-Louis Pons an 1818 nach eng Kéier vum Pons opfonnt, ier den Encke déi véier Koméitenevenementer engem eenzegen Objet zouschreiwe konnt. Während Koméiten normalerweis no hirem Entdecker genannt ginn, gouf de Koméit an dësem Fall no der Persoun genannt, déi seng Ëmlafbunn berechent hat, sou datt de Koméit haut 2P/Encke heescht. De Koméit Encke war eent vun de geplangte Missiounsziler vun der Koméitesond CONTOUR, déi awer kuerz nodeem se op hirer Ëmlafbunn war, bei engem Manöver auserneegebrach ass.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

De Koméit Encke leeft op enger laanggestreckter elliptescher Ëmlafbunn ëm d'Sonn, där hire sonnennächste Punkt (Perihel) mat 0,339 AE am Beräich vun der Planéitebunn vum Merkur läit, während de sonnewäitste Punkt (Aphel) mat 4,097 AE bis an d'Géigend vun der Jupiterbunn reecht. D'Bunnschréiegt ass 11,8°. Mat enger Ëmlafzäit vun nëmmen 3,3 Joer huet de Koméit Encke déi kierzt Ëmlafzäit vun alle bekannte periodesche Koméiten.

Déi absolut Hellegkeet vum Koméit Encke geet a 50 Joer duerchschnëttlech ëm zirka 0,5mag zréck. Säin Duerchmiesser gëtt dofir och nëmmen op ronn 4,8 km geschat.[1]

Meteoren[änneren | Quelltext änneren]

Op de Koméit Encke geet de Meteorstroum vun den Tauriden zréck.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Enckescher Komet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]