Johann Franz Encke

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Johann Franz Encke

De Johann Franz Encke gebuer den 23. September 1791 zu Hamburg a gestuerwen de 26. August 1865 zu Spandau war en däitschen Astronom. Hien huet eng Ënnerdeelung vun de Saturnreng entdeckt, déi no him benannt gouf (Enkesch Deelung. De Cassini hat schonn eng aner 1675 entdeckt. Des Weideren huet hien och Koméitebunnen (z. B. den Enckesche Koméit, offiziell 2P/Encke) an Asteroidebunne berechent. D'Sonneparallaxbestëmmung war och eng vu sengen Aarbechten.

De Johann Encke war de Jéngste vun aacht Kanner. Hien hat eréischt véier Joer, wéi säi Papp gestuerwen ass. D'Famill huet an aarme Verhältnesser gelieft. Nëmmen duerch finanziell Ënnerstëtzung vu sengem Schoulmeeschter konnt den Encke e Gymnasium besichen a spéider studéieren.

Vun 1811 studéiert hien zesumme mat dem Friedrich Nicolai beim Carl Friedrich Gauß op der Universitéit Göttingen Mathematik a Physik.

Am Joer 1813 ënnerbrécht den Encke säi Studium a geet bei d'Arméi. Als Patriot wollt hien Däitschland vun de napoleoneschen Truppe befreien. No der Befreiung vun Hamburg huet hien am Hierscht 1814 säi Studium zu Göttingen nees opgeholl. Nodeem de Napoleon aus senger Verbannung, vun der Insel Elba, d'franséisch Truppen nees nei mobiliséiert huet, ass och den Encke zréck (1815) bei d'Arméi gaangen an huet säin Déngscht als Leutnant fäerdeg gemaach. Während senger Arméizäit hat hien den Astronom a Staatsmann Bernhard von Lindenau kenne geléiert.

De Lindenau war Direkter op dem Observatoire vu Gotha. De Lindenau huet dem Encke 1816 eng Plaz als Assistent um Observatoire 1816 verschaf. 1820 gouf den Encke Vizedirekter an nodeem sech de Lindenau 1822 an d'Politik zréckgezunn huet, huet den Enke d'Positioun vum Direkter iwwerholl. An dëser Zäit huet den Encke säi Wierk iwwer d'Sonneparallax fäerdeg geschriwwen. E kuerzperiodeschë Koméit ass nom Encke benannt.

Op Recommandatioun vum Friedrich Bessel gouf den Encke 1825 Direkter vum Berliner Observatoire, deen awer net grad a beschtem Zoustand war. – Mat der Ënnerstëtzung vum Alexander von Humboldt an der Zoustëmmung vum preisesche Kinnek Friedrich III. gouf en Obsevatoire am Süde vu Berlin opgebaut. Den neie Berliner Observatoire ass 1835 a Betrib geholl ginn an den Encke war den éischten Direkter.

Hien huet d'Stärekaart vun der Berliner Akademie beaarbecht an huet d'astronomescht Joerbuch verbessert.

Am Joer 1837 huet hien eng 325 km breet Deelung vum Saturnrank entdeckt, déi haut Enckesch Deelung genannt gëtt. An 1844 gouf hie Professer fir Astronomie op der Berliner Humboldt-Universitéit. Säin Nofolger gouf 1864 de Wilhelm Julius Foerster.

Fir seng Leeschtungen huet den Encke vill Auszeechnungen an Éierunge kritt. Vun der britescher Royal Astronomical Society krut hien zweemol eng Goldmedail.

Zu sengem Gedenke goufen e Moundkrater op dem Äerdmound an den Asteroid (9134) Encke benannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johann Franz Encke – Biller, Videoen oder Audiodateien