Perseiden

Vu Wikipedia
Perseiden[1]
Aktivitätszeitraum 17. Juli bis 24. August
Aktivitätsmaximum 13. August
Radiantenpositioun
vum Maximum
RA: 3 h 12 m
DE: +58°
ZHR 100
Populatiounsindex 2,2
geozentresch Vitess 59 km/s

D'Perseiden (Laurentiustréinen), sinn e Meteorstroum deen all Joer an der éischter Augusthalschent zeréckkënnt an deen an den Deeg ëm den 12. August en däitleche Maximum vu Stäreschnäizen huet. De visuellen Urspronk vun dësem Stroum, de Radiant, läit am Stärebild Perseus.

Urspronk an Optrieden[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vum Stärebild Perseus

D'Perseide sinn d'Opléisungsprodukter vum Koméit 109P/Swift-Tuttle. D'Äerd kräizt op hirer Bunn ëmmer géint den 12. August d'Stëbsspur, déi dee Koméit am Sonnesystem hannerlooss huet. D'Stëbsdeelercher flitzen dobäi mat héijer Vitess an d'Atmosphär a bréngen d'Loftmoleküllen un d'Liichten. D'Stäreschnäiz ass dofir net de Stëbskär selwer dee vergloust, mä gëtt duerch d'Rekombinatiounsliichte vun der ioniséierter Loft siichtbar.

De ganzen Aktivitéitszäitraum vun de Perseiden erstreckt sech vum 17. Juli bis zum 24. August. D'Zuel vun de Meteore gëtt ëmmer da méi grouss, wann d'Äerd op hirer Ëmlafbunn der fréierer Bunn vum Koméit besonnesch no kënnt, wéi et 1992 de Fall war. Dann erreecht d'Meteorschauer ënner Idealbedéngungen e Maximum vu ronn 110 Meteore pro Stonn (ZHR).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt bekannt Observatioune vun de Perseide goufe virun zweedausend Joer a China gemaach. Duerno gëtt et Berichter aus Japan a Korea. An Europa war déi éischt Observatioun am Joer 811.[2]

Well d'Perseide mat dem Doudes- a Namensdag vum Mäertyrer Laurentius (10. August) zesummefält, deen am Joer 258 op engem eisene Grill gefoltert gouf, gi si am Volleksmond och Laurentiustréine genannt.

Aktuell[änneren | Quelltext änneren]

D'Perseiden haten hire Maximum am Joer 2011 den 13. August géint 9.09 Uhr mëtteleuropäesch Summerzäit (MESZ).[3] Zu dësem Zäitpunkt erreechen d'Perseiden an der Spëtzt eng ZHR vu ronn 100 Meteore pro Stonn.[3]

Well de Perseus zu dëser Zäit ëm ronn 06 Uhr MESZ kuliminéiert (hie steet da bal exakt am Zenit, et gëtt awer ëm 5 an der Fréi schonn hell), läit déi bescht Observatiounszäit a Mëtteleuropa den 13. August tëscht 02:00 a 04:00 (Casseiopeia am Zenit, Perseus géint Osten donieft) – da si bal all Perseiden um Himmel ze gesinn. Och an den Deeg virdrun an duerno sinn no Hallefnuecht dacks vill Perseiden-Schnäizen ze gesinn.

Den Ativitéitsmaximum vun de Perseiden am Joer 2012 ass viraussiichtlech an der Nuecht vum 12. August 2012 erreecht. D'Radiantepositioun vum Maximum ass: RA - 3h 12m. DE - +58°.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Perseiden-Meteor aus dem Joer 2009. Erkennbar déi typesch opfälleg Gréngfierwung.
De Radiant läit am Schnëttpunkt vun de wäisse Linnen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Perseiden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. IMO Meteor Shower Calendar 2011
  2. Feuerwerk am Nachthimmel – Tagesspiegel vom 10. August 2010
  3. 3,0 3,1 Perseids 2011 (HTML-Datei, feraj.narod.ru, englisch, abgerufen am 7. August 2011)