Tycho Brahe

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Tycho Brahe

Den Tycho Brahe, gebuer de 14. Dezember 1546 zu Knudstrup, Schonen, a gestuerwen de 24. Oktober 1601 zu Prag, war een däneschen Astronom.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Tycho (oder Tyge) Brahe war vun adleger Ofstamung. Hie gouf 1566 op der Universitéit Rostock (Mecklenburg) immatrikuléiert. Am Alter vun 20 Joer huet de Brahe bei engem Duell een Deel vun senger Nues verluer. Hien huet ëmmer eng gëlle-sëlwer Nueseprothes ugepecht. Vum deemolege Kinnek Friedrich II. sinn d'Observatoiren Uranienborg a Stjerneborg op der Insel Ven (oder Hven) viru Landskrona finanzéiert ginn, wou de Brahe 20 Joer laang gefuerscht huet. De Brahe huet net nëmme seng eegen Instrumenter selwer gebaut, mä och seng Bicher selwer gedréckt.

Zum Brahe senger Zäit gouf et nach keng Teleskoper. Trotzdeem ware seng Observatioune vu Stären- an Planéitepositiounen, zu där Zäit déi preziist, mat enger Genauegkeet vun zwou Bouminutten. Seng Miessungen huet hie mat Hëllef vun engem Mauerquadrant duerchgefouert. 1572 huet hien en „Neie Stär“ (stella nova) observéiert. 1599 ass de Brahe op Prag wunne gaangen, wou hien zwee Joer spéider gestuerwen ass.

Seng Schwëster Sophie Brahe (15561643) hat och vill Kenntnesser an der Astronomie an huet vill mat hirem Brudder zesummen am Observatoire vum Schlass Uranienborg geschafft.

Éierung[änneren | Quelltext änneren]

De Moundkrater Tycho krut, fir un de Brahe z'erënneren, säin Numm.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Astronomiae Instauratae Mechanica, KLP, Prag 1996, ISBN 80-85917-23-8 <Repr. d. Ausg. Wandsbek 1598>
  • Opera omnia sive astronomiae instauratae, Olms, Hildesheim 2001, ISBN 3-487-11388-0 <Repr. d. Ausg. Frankfurt 1648>

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alexandra Coelho Ahndoril: Der Astronom des Königs. List-Verlag, Berlin 2004. ISBN 3-548-60460-9
  • Max Brod: Tycho Brahes Weg zu Gott. Ein Roman. Suhrkamp, Frankfurt am Main 1984. ISBN 3-518-36990-3
  • John Louis Emil Dreyer: Tycho Brahe. A picture of scientific life and work in the sixteenth century. Edinburgh 1890. (Digitalisat); deutsche Ausgabe: Karlsruhe 1894; Nachdruck: Vaduz 1999.
  • Kitty Ferguson: The nobleman and his housedog. Tycho Brahe and Johannes Kepler. Review, London 2002. ISBN 0-7472-7022-8
  • Karin Figala: Tycho Brahes Elixier. In: Veröff. d. Forschungsinst. d. Dt. Museums f. d. Gesch d. Naturwiss. u. d. Technik 13/1972, S. 139–176.
  • Joshua Gilder: Der Fall Kepler. Mord im Namen der Wissenschaft. List TB bei Ullstein, Berlin 2005. ISBN 3-548-60638-5
  • Jürge Helfricht: Astronomiegeschichte Dresdens. Hellerau-Verlag, Dresden 2001, S. 28–31. ISBN 3-910184-76-6
  • Alfred Otto Schwede: Ich war des Sternenjunkers Narr. Eine Erzählung um den Astronomen Tycho Brahe. Union-Verlag, Berlin 1983.
  • Victor E. Thoren: The Lord of Uraniborg. A Biography of Tycho Brahe. Cambridge University Press, Cambridge 1990. ISBN 0-521-35158-8
Commons: Tycho Brahe – Biller, Videoen oder Audiodateien