Mauerquadrant

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Mauerquadrant ass en historescht astronomescht Instrument, mat deem genee Héichtewénkelen a Positioune vun Himmelskierper gemooss goufen. De Mauerquadrant war bis ongeféier 1800 am Gebrauch an ass de Virgänger vum Meridiankrees.

Am Géigesaz zu de klenge Quadranten, déi an der Hand gehale ginn oder op emgem Dräibeen opgestallt goufen, ass de Mauerquadrant fest op enger Nord-Süd orientéierter Mauer déi genee am Senkel steet, montéiert. Doduerch kënnen

  1. Stäre bei hirer Kulminatioun sécher erfaasst an och hir Duerchgangszäit genee gemooss ginn,
  2. déi stabil Opstellung erlaabt de Gebrauch vu Miessrefrakteren déi staark vergréisseren,
  3. wat d'Miessgenauegkeet erhéicht.

Déi prinzipiell Bauweis ass déiselwecht wéi beim klassesche Quadrant:

  • e Véirelskrees (allerdéngs mat engem gréissere Radius), deen eng genee Kreesdeelung huet,
  • d'Oflies-Virriichtung déi dozou gehéiert.
  • eng Zilvirriichtung (bis zirka 1650 Viséier, duerno meeschtens e laangen Zilrefrakter)
  • als kënschtlechen Horizont e Senkel, spéider eng Libell.

Tychonesche Mauerquadrant[änneren | Quelltext änneren]

Dem Tycho säi Mauerquadrant, ëm 1600


Bis zu der Erfindung vum Teleskop war de Mauerquadrant vum Tycho Brahe dee geneeste vu senger Aart. Hie stoung am Tycho sengem däneschen Observatoire Uranienborg an hat e Véierelskrees vun zwéi Meter Radius, dee quasi op 10" (0,1mm) genee ofliesbar war. D'Instrument vum Kopernikus (ëm 1520) war zwar net méi kleng, awer op enger Holzplak montéiert, an de Krees op 0,5° gedeelt, wat Wénkelschätzunge vu ronn 0,05° erlaabt huet.

D'Uviséiere vun den Himmelskierper mat bloussem A konnt den Tycho als groussen Observateur mat der Prezisioun vun ongeféier enger Bouminutt maachen, wat der optescher Trennschäerft vum A entsprécht. Hie krut domat 2- bis 5-fach méi genee Miessunge wéi virdrun, wat fir dem Johannes Kepler seng Planéitentheorie eng entscheedent Viraussetzung war. De Kepler selwer, säin Assistent an Nofolger, huet kaum Miessunge gemaach, well hien en Aeproblem hat.

Haaptinstrument an den Observatoire vum 17./18. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Mat verstäerkter Bedeitung vun der Himmelsmechanik a verbesserte Stärekataloge goufen d'Fuerderungen un d'Genauegkeet och méi grouss. Enn vum 17. Joerhonnert goung ee mat Miessrefraktere mat méi staarker Vergréisserung iwwer. Et goufe grouss, genee no Süde justéiert Mauerquadranten zum Haaptinstrument vu villen Observatoiren. De Bezuch zum mathemateschen Horizont stellten Sekonnelibelle hir, bei verschidden Instrumente goufen souguer Okularmikrometer ugemaach (Erfinder Ole Römer ëm 1680), dat am Gesiichtsfeld vum Refrakter Fäinmiessunge méiglech maachten.

Mat dësen Entwécklunge goufe schonn ëm 1700 Miessgenauegkeete vun 1-2" erreecht. Fix montéiert Quadranten hunn dunn nieft der Zäitbestëmmung (op ongeféier ±0,1") och d'genee Miessung vu Stäreplazen a vun der geographescher Breet erlaabt. Um Observatoire La Specola vu Bologna krut een ëm 1710 souguer 0,8". Den James Bradley huet mat sou engem Instrument 1725 déi jäerlech Aberratioun vun de "Fixstären" entdeckt, woumat fir d'éischt d'heliozentrescht Weltbild noweisbar gouf.

Spéider Meridianinstrumenter[änneren | Quelltext änneren]

De Mauerquadrant gouf am Laf vum 18. Joerhonnert duerch de Meridiankrees ersat, bei deem de Refrakter de ganzen Meridian vum Südpunkt iwwer den Zenit bis zum Nordpunkt bedecken kann. Och astronomesch a geodetesch Instrumenter goufen entwéckelt, déi bei klengere Dimensioune héich Genauegkeete erreechten, well eng kompakt Bauweis manner empfindlech géint Instrumentalfeeler an Temperaturaflëss ass. Nieft den Transitinstrumente an dem Passageinstrument goufen wuessend och flexibel Universalinstrumente agesat, mat deenen ëm 1920 schonn 0,1" erreechbar waren. Haut gèett d'Astrometrie vu Planéite- a Stärepositione mat automatesche Meridiankreeser a mat sougenannte Astrometriesatellite duerchgefouert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]