Urbain Le Verrier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Urbain Jean Joseph Le Verrier, gebuer den 11. Mäerz 1811 zu Saint-Lô, a gestuerwen den 23. September 1877 zu Paräis war e franséische Mathematiker an Astronom. Hien huet e groussen Deel vu sengem Liewen am Observatoire vu Paräis geschafft.
De Le Verrier war Student am College Louis le Grand an huet vu 1831 un op der École polytechnique geléiert.
Säi gréissten Erfolleg war d’Berechnung vun der Planéitebunn vum Neptun. Hien huet duerch Beobachtunge vun den Ëmlaafstéierunge vum Uranus, d’Neptunbunn erausfonnt. Am September 1846 entdeckt den däitschen Astronom Johann Gottfried Galle de Planéit ee Bougrad ewech vun der Positioun déi de Le Verrier virausgesot hat. (no nëmmen enger halwer Stonn um Okular vu sengem Teleskop am Observatoire zu Berlin).
Spéider versicht de Le Verrier, well hie Bunnstéierunge beim Merkur festgestallt hat, mat derselwechter Method, d’Existenz vun engem Planéit bannent der Merkurbunn ze fannen. Hie gëtt deem Planéit den Numm Vulkan. Astronomen an aller Welt versichen, dee Planéit ze fannen, awer ouni Erfolleg. Am Joer 1915 beweist den Albert Einstein mat der allgemenger Relativitéitstheorie, datt sech d’Bunnstéierungen, eleng duerch d'Schwéierkraaftfeld vun der Sonn erkläre loossen.
De Le Verrier ass mat sengem Numm ënner den 72 Nimm um Eiffeltuerm veréiwegt.
[änneren] Literatur
- William Sheehan, Nicholas Kollerstrom, Craig B. Waff: Die Neptun-Affäre. Spektrum der Wissenschaft, April 2005, S. 82–88 (2005), ISSN 170-2971
[änneren] am Spaweck
| Commons: Urbain_Le_Verrier – Biller, Videoen oder Audiodateien |