51 Pegasi b

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fichier:51pegasi-b.jpg
Kënschtleresch Duerstellung vum 51 Pegasi b mat senger Sonn am Hannergrond.

Den 51 Pegasi b (inoffiziell och: Bellerophon genannt) ass een Exoplanéit, deen de sonnenähnleche Stär 51 Pegasi am Stärebild Pegasus ëmkreest. Hie gouf 1995 als éischte Planéit an engem aneren Sonnesystem entdeckt. Et war den éischten Himmelskierper deen den Typus vum „Hot Jupiter“ krut.

Entdeckung [änneren]

De 5. Oktober 1995 hunn zwee Schwäizer, Professeren Michel Mayor a säi Mataarbechter Didier Queloz vum Departement fir Astronomie Universitéit Genf op dem „9th Cambridge Workshop on Cool Stars, Stellar Systems and the Sun“ zu Florenz, deen éischten Exoplanéit bekannt ginn, deen ëm ee sonnenähnleche Stär kreest.

De Planéit gouf mat Hëllef vun engem héichopléisende Spektrograph entdeckt. Et goufen eng liicht, regelméisseg Verännerung vun der Radialvitesse vum Stär erkannt. Dës Schwankungen hunn drop higedeit, datt a kuerzer Noperschaft ee schwéieren Himmelskierper de Stär beaflosst huet. Si hu festgestallt, datt ee jupitergrousses Objet a nëmmen 7 Millioune Kilometern Distanz zu 51 Pegasi dréit.

7 Deeg drop, (12. Oktober 1995) bestätegt den Dr. Geoffrey Marcy vun der San Francisco State University an den Dr. Paul Butler vun der University of California, Berkeley duerch en Hamilton-Spektrograph am Lick-Observatoire bei San Jose a Kalifornien d'Existenz vun deem ongewéinlechen Trabant.

Dës Entdeckung vum éischten Exoplanéit gëllt als Meilesteen an der astronomescher Fuerschung.

Eegeschaften [änneren]

51 Pegasi b huet 0,46 Jupitermassen an dréit an 4,2 Deeg op enger Distanz vun 0,05 astronomesch Eenheeten (AE) eemol ëm de Stär. Dëst entsprécht dem Zwanzegstel vun der Distanz tëschent der Äerd an eiser Sonn (= 1 AE) oder ongeféier e Sechstel vun der Distanz tëschent der Sonn an dem Merkur (= 0,39 AE). D'Uewerflächentemperatur vum Planéit gëtt op 1255 K (982 °C) berechent.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie