San José (Kalifornien)

Vu Wikipedia
San José
Capital of Silicon Valley
Fändel
Sigel
Land USA
Bundesstaat Kalifornien
County Santa Clara County
Fläch 467,553078 km²
Awunner 1.013.240 (1. Abrëll 2020)
Héicht 26
Zäitzon Pazifik Standardzäit,
UTC−8,
UTC−7
Koordinaten 37°18'15"N, 121°52'22"W
Gemeng zu San José a Kalifornien

San José ass eng Stad am US-Bundesstaat Kalifornien an ass och de Sëtz vun der County-Verwaltung vum Santa Clara County. D'Stad läit um südlechen Enn vun der San Francisco Bay a mécht d'Grenz mam Silicon Valley. Dat ass och de Grond firwat se de Spëtznumm "Capital of the Silicon Valley" huet. Mat 904.522 Awunner ass et ausserdeem no Los Angeles a San Diego déi drëttgréisste Stad a Kalifornien.

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

Bei der bis elo leschter Vollekszieleung hunn den 1. Abrëll 2000 zu San José 894.943 Leit gewunnt. Méi rezent Schätzunge vum California Department of Finance gi fir den 1. Januar 2007 eng Zuel vun 973.672 Awunner un.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

San José gouf den 29. November 1777 ënner dem Numm "El Pueblo de San José De Guadalupe" gegrënnt. Et ass déi éischt Stad an Alta California déi net aus enger Missioun oder engem militäresche Posten entstanen ass. De 27. Mäerz 1850 gouf San José als éischt Stad an den US-Bundesstaat Kalifornien agegliddert a war och déi éischt Haaptstad vu Kalifornien.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

San José ëmfaasst e Gebitt vu 461,5 km², wouvu 452,9 km² Land an 8,6 km² Waasser sinn.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

No beim Stadzentrum ass den HP Pavillon, eng Äissportshal, déi de Sëtz vum NHL-Team San José Sharks ass. An der Hal sinn awer och aner Evenementer, wéi zum Beispill Concerten oder dat järlecht Tennis-Turnéier SAP Open.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: San José (Kalifornien) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Awunnerzuelen op der Websäit vun der Stad Gearchiveerd op 2009-03-19. Gekuckt de(n) 2008-03-29.