Planetologie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Planetologie ass d'Wëssenschaft, déi sech mat den eenzelnen netstellaren Himmelskierperen, also de Planéitesystemer am Allgemenge befaasst. Dozou gehéieren d'Ënnersiche vun:

D'Rille si Fuerschungsgéigestand vun der Planetologie
Planéitefuerscher Gerhard Neukum (*1944)

Bis 1993 hunn zu der Planetologie nëmmen déi genannt Objete vun eisem Sonnesystem gehéiert. Mat der Entdeckung vun extrasolare Planéiten huet sech d'Fuerschungsgebitt vergréissert. Zënterhier gehéieren och d'Ënnersiche vun exoteschen, extrasolaren Objete wéi zum Beispill de Planéite vu Neutronestären dozou.

Methoden vun der Planetologie sinn äerd- oder raumgestëtzte Miessungen a besonnesch bildgiewend Methoden vun der Astronomie an de Beräicher vum viuelle Liichtspektrum, dem Infrarout an dem Radar. Weider Methoden si Flich vu Raumsonden zu den Himmelkierper, Ënnersiche vu Buedemprouwen op Himmelskierper, Ënnersiche vum Sonnewand a Koméiten, Meteoritten, sowéi Modellrechnungen an theoretesch Iwwerleeungen.

Eng wichteg Roll an der Planetologie spillen Analogieschlëss unhand vun Erkenntnesser an der Geologie, Vulkanologie, Seismologie, Glaziologie, Hydrologie, Geophysik, Mineralogie, Meteorologie an aner.

Obwuel d'Planetologie den traditionellen Äerdwëssenschaften gläicht, a sech dorausser entwéckelt huet, bestinn enk Relatiounen och zu der Astronomie. Sou ass d'Genesis vun den eenzelne Planéiten ënner anerem vun der Geschicht vun hire Bunnparameteren ofhängeg.

Desweideren befaasst sech d'Planetologie mat der Biologie. Planetologesch Missiounen, wéi d'Viking-Sonden op de Mars souwéi d'Cassini-Huygens op de Saturn, den Titan, an de Mars Express op de Mars, hunn Exprerimenter gemaach oder maachen der nach ëmmer, déi dorop ausgeriicht sinn, exobiologesche Froen nozegoen.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck [änneren]