Geminiden
| Geminiden[1] | |
|---|---|
| Aktivitéitszäitraum | 7. - 17. Dezember |
| Aktivitéitsmaximum | 14. Dezember |
| Radiantepositioun vum Maximum |
RA: 7h 28m DE: +33° |
| ZHR | 120 |
| Populatiounsindex | 2,6 |
| geozentresch Vitesse | 35 km/s |
D'Geminide sinn e Meteorstroum. Säi Radiant läit am Stärebild Gemini (Zwillinge). An deem Stärebild sinn déi zwéi gläichhell Stäre Castor a Pollux ze fannen.
Well de Radiant Mëtt Dezember der Sonn um Himmel vis-à-vis steet, ass wärend der ganzer Nuecht d'Stärebild iwwer dem Horizont ze gesinn. Déi héchts Stellung gëtt kuerz no Mëtternuecht erreecht. Dofir loosse sech d'Geminiden am Géigesaz zu anere Meteorstréim ganz gutt an den Owestonnen observéieren. D'Geminide si besonnesch androcksvoll, well si vill hell, typesch giel-wäiss Meteore bréngen. Déi hellste Meteore kommen typescherweis eréischt nom Maximum, wärend virdrun déi schwaach Objeten dominéieren.
Urspronkskierper vun de Geminiden, déi näischt aneres sinn, wéi eng Stëbswollek , déi eis Sonn ëmkreest, a gëllt als en Asteroid klassifizéiert mam Numm Phaethon. Seng Bunn ëm d'Sonn gläicht ofgesi vun der kuerzer Ëmlafszäit vun nëmmen 1,4 Joer staark där vun engem Koméit.
D'Aktivitéit vun de Geminiden huet sech stänneg an de leschte Joerzengte vergréissert. Am Joer 2009 goufen am Maximum eng ZHR vu ronn 140 Geminide pro Stonn registréiert.[2] Et ass gutt méiglech, datt Zuel vun de Geminiden an de nächste Joren nach däitlech méi grouss gëtt.
[änneren] Kuckt och
- Stärebild Gemini
- Meteorstréim
- Aquariden
- Meteoriten