Doudegt Mier
| Doudegt Mier | |
|---|---|
| Informatiounen | |
| Numm: | Doudegt Mier |
| Lag: | Asien |
| Fläch | 600 km² |
| maximal Längt: | ? km |
| maximal Breet: | ? km |
| maximal Déift: | 400 m |
| Héicht iwwer/ënner Mierniveau: Mëttlere Waasserniveau |
- 400 m |
| Déifst Plaz iwwer/ënner Mierniveau: | -797 m |
| Grouss Uertschaft(en): | En Gedi Sedom Al-Mazra |
D'Doudegt Mier (hebr.: ים המלח Yam HaMelach bzw. "Salzmier"; arab.: بحر الميّت Bahr al-Mayyit oder بحر لوط Bahr Lūt, "Mier vum Doud" ) ass e Séi , dee vum Jordan gespeist gëtt. E grenzt un Israel, dat vun Israel besate Westjordanland an u Jordanien.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie[änneren]
D'Doudegt Mier ass ee 600 km² grousse Salzséi, dee keen Offloss huet. Seng Waasserfläch geet weider erof an däerft haut op engem Niveau vu 400 m ënner dem Mieresspigel leien. Dat ass dorop zréckzeféieren datt de Séi ausdréchent. Haut stellen d'Ufere vum Séi den déifsten zougängleche Punkt vun der Äerduewerfläch duer.
Salzgehalt[änneren]
De Salzgehalt vum Doudege Mier erreecht bis zu 33 Prozent (28 % am Duerchschnëtt), während de Salzgehalt vum Mëttelmier nëmmen ongeféier 3% erreecht. Well nëmme Waasser an dat Doudegt Mier eran a keent erausleeft misst de Waasserniveau jo theoretesch klammen. Dat ass iewer net de Fall well duerch d'Hëtzt an de waarme Wüsteklima d'Waasser verdonst. Dat ass iewer nëmme wouer wat d'Waasser ugeet; d'Mineralien an d'Salz bleiwen zréck, wouduerch den ëmmer méi grousse Salzgehalt vum Séi sech erkläre léisst.
Biologesch gesinn ass dëse Séi net dout, mä net vill Planze kënnen dran iwwerliewen. Nëmmen déi Planzen a Mikroorganismen, déi eng héich Salztoleranz hunn, bréngen dat fäerdeg.
Kuckeswäertes[änneren]
Touristesch interessant sinn Uertschafte rondrëm wéi:
- Ein Bokek,
- Neve Zohar,
- Oase En Gedi,
- Masada,
- Jericho,
- d'Kibbuzen an der Noperschaft,
- d'Hiele vun Qumran.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Dead Sea – Biller, Videoen oder Audiodateien |