Masada

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Masada
Lag op der Kaart

Masada (v. Hebräesch: Mezadá מצדה - "Festung"), ass eng fréier Festung an een archeologeschen Ausgruewungssite am Südweste vum Doudege Mier am Staat Israel.

Si gouf, an hiren gréissten Deeler, vum Kinnek Herodes I. (dem Groussen) tëscht 40 v. Chr. a 30 v. Chr. op der Plaz vun enger fréierer 10 Joer méi aler klenger Festung gebaut. Si ass deemools als eng Befestegung betruecht ginn, déi keen kënnt erueweren. Si louch nämlech op engem Plateau, dee vu géie Fielsen ëmgi war, a si war nëmmen iwwer schmuel Pied zougänglech.

Den Herodes huet also aus dësem Bierg eng Festung gemaach, wéi hien de Plateau mat enger Kasemattemauer mat 40 Tierm ofgeséchert huet. An der Festung selwer gouf et eng Rei Gebaier, Päerdsställ, Lagerraim, Gemaacher fir Leit ënnerzebréngen a Paläst.

Belagerung[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Zu enger Belagerung koum et eréischt eng etlech Joerzéngten nom Doud vum Herodes (am Joer 4 v. Chr.) beim jiddeschen Opstand géint déi réimesch Besatzung ëm 70 n. Chr. De jiddesch-réimeschen Historiker Flavius Josephus huet dës Belagerung vu Masada a sengem Wierk "De Krich vun de Judden" beschriwwen. Him no hu sech an de Jore 70 bis 73 n. Chr., no der Zerstéierung vum Tempel zu Jerusalem, zu Masada 973 Judde géint eng Iwwermuecht vu 15.000 réimesch Legionären ënner dem Kommando vum Flavius Silva gewiert. Schléisslech ass et de Réimer no groussen Efforte gelongen, d'Festung ze stiermen. An do hu se, wéi de Flavius Josephus erzielt, nëmme méi 5 lieweg Persounen, 2 Fraen a 5 Kanner, virfonnt. Déi aner alleguerten hate virgezunn, sech selwer ëmzebrengen a sech sou der Onfräiheet z'entzéien. Sou ass Masada zu engem Symbol vum Fräiheetswëlle vun de Judde ginn.

Masada haut[änneren | Quelltext änneren]

2001 gouf Masada op d'Lëscht vun de Weltkultur- an Naturierfschaften vun der UNESCO gesat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Flavius Josephus: Geschichte des jüdischen Krieges (De bello Judaico), Marixverlag, Wiesbaden, 2005, Eng Iwwersetzung, Aleedung a Kommentare vum Heinrich Klementz. Mat Nimm-Regëster a Paragraphenzielung no der Flavii Josephi Opera recognovit Benedictus Niese (ed. minor), Berlin 1888 - 1895. 688 Säiten.
  • Yigael Yadin; Joseph Naveh, Yaacov Meshorer: Masada I: The Yigael Yadin Excavations 1963-1965 Final Reports, Biblical Archaeology Society, 1989, 232 Säiten.
  • Nachman Ben-Yehuda: Masada Myth : Collective Memory and Mythmaking In Israel, University of Wisconsin Press, 1995, 384 Säiten. E kritesche Bléck op de "Mythus" Masada. 384 Säiten

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Masada – Biller, Videoen oder Audiodateien