Lander

Vu Wikipedia
Modell vum Viking-1-Lander

E Lander ass déi allgemeng Bezeechnung vun enger Raumsond, déi op engem Himmelskierper, wéi e Planéit oder e Mound lant, fir do Fuerschung ze bedreiwen. D'Landung op engem Himmelskierper gëllt als dat technesch schwieregst Konzept vun enger Raumsond, woubäi den uschléissende Retour mat Prouwe vun der Uewerfläch eng weider Vergréisserung vum Schwieregkeetsgrad duerstellt.

Iwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt tëscht haarder Landung a mëller Landung ënnerscheet. Bei der haarder Landung gi keng Moossname getraff, fir de Lander virum Opprall ze schützen (gouf an den éischte Jore praktizéiert) oder de Lander gëtt sou gebaut, datt et den Opschlag iwwerstoe kann, wann en an de Buedem andréngt (kuckt heizou Penetratoren).

Bei enger „mëller“ Landung dogéint gi gëeegent Mëttele getraff, fir de Lander sou duuss op d'Uewerfläch vum Himmelskierper opsetzen ze loossen, datt d'Landesond dobäi voll funktiounsfäeg bleift. Eng „mëll“ Landung kann awer, gemooss un de fir e Mënsch gebräichleche Moossstief, zimmlech net mëll ausfalen, z. B. wann e Lander mat 30 km/h Vitess op der Venus opsetzt, nëmme gebremst duerch déi dicht Atmosphär (ouni Fallschierm).

Bis elo goufe Lander um Äerdmound (Ranger, Luna, Surveyor), um Mars (Mars, Viking, Mars Pathfinder, Spirit, Opportunity, Beagle 2, Phoenix), op der Venus (e puer Venera-Sonden, Pioneer-Venus, Vega) souwéi um Saturnmound Titan (Huygens) agesat. Den 12. November 2014 ass de Lander Philae vun der Sond Rosetta um Koméit Tschurjumow-Gerassimenko gelant. An den nächste Jore si weider Lander fir op de Mars (Mars Science Laboratory, ExoMars) geplangt. Laangfristeg gëtt fir no 2015 iwwer Lander fir Europa an Titan souwéi laanglieweg Lander fir d'Venus nogeduecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie