Opportunity
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 7. Juli 2003 ass de Mars Exploration Rover Opportunity gestart fir de Mars 90 Deeg z'erfuerschen. Als Plaz fir ze landen haten d'Fuerscher de Meridiani Planum erausgesicht.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Missioun
De Mars Exploration Rover Opportunity soll am Meridiani Planum no Waasser sichen. Meridiani Planum soll emol e Séi gewiescht sinn. De Rover ass 180 kg schwéier, an ass d'selwecht gebaut wéi säin Zwillingsrover, de Spirit.
[änneren] Missiounsverlaf
- De 25. Januar 2004 ass den Opportunity am Eagle Krater, Meridiani Planum (Mars).
- Den 23. Mäerz 2004 ass den Opportunity aus den Eagle Krater gefuer.
- Den 1. Mee 2004 ass den Opportunity beim Endurance Krater ukomm.
- Den 8. August 2004 ass den Opportunity an den Endurance Krater gefuer(no 2 Méint ass den Opportunity erëm erausgefuer)
- Den 21. Dezember 2004 mécht sech den Opportunity op de Wee fir an den Erebus Krater, mee den 28. Abrëll 2005 bleift den Opportunity an der Pugatory Dune hänken.
- De 5. Juni 2005 ass den Opportunity aus der Pugatory Dune erauskomm.
- De 27. August 2005 ass den Opportunity beim Erebus Krater ukomm.
- De 26. September 2006 ass den Opportunity beim Victoria Krater ukomm.
- De 4. Januar 2007: De Mars Exploration Rover Opportunity hat eng Liewensdauer vun 3 Méint, 3 Joer duerno fonktionnéiert den Opportunity nach ëmmer.
[änneren] Kuckt och
- Mars Exploration Rover Spirit
[änneren] Links
| Commons: Photos by the Opportunity rover – Biller, Videoen oder Audiodateien |