Mars Pathfinder

Vu Wikipedia
De Mars Pathfinder an der Montagehal
Start vum Mars Pathfinder mat enger Delta-II-Rakéit
Modeller vun den aktuelle Marsrover am Gréissteverglach: Spirit (lénks), Sojourner (mëtt) an Curiosity (riets)

De Mars Pathfinder (MPF; englesch fir Mars-Weebereeder war en US-amerikanesche Mars-Lander, dee 1996 vun der NASA agesat gouf. Hien hat deen éischte Mars-Rover erfollegräich op d'Marsuewerfläch gesat.

De Mars Pathfinder bestoung aus enger Landeeenheet mat Kameraen a Moossinstrumenter an engem nëmme 10,6 kg schwéiere Robotergefier (Rover) mam Numm Sojourner. De Rover gouf no der Sojourner Truth, enger US-amerikanescher Fräiheetskämpferin, Fraerechtlerin a Wanderpriedegerin, genannt. De Rover konnt een u senger Récksäit fixéierten Alphapartikel-Röntgenspektrometer op d'Steng oder de Buedem drécken a sou cheemesch analyséieren.

D'Sond gouf de 4. Dezember 1996 u Bord vun enger Delta-II-Rakéit vun der Cape Canaveral Air Force Station a Florida gestart. Gelant war si de 4. Juli 1997 an engem Gebitt mam Numm Ares Vallis an der nërdlecher Hemisphär. D'Plaz gouf vun de Wëssenschaftler erausgesicht, well eng Landung do relativ sécher war an et do vill verschidde Fielse gouf.

De Sojourner ënnersicht e Fiels, deen op den Numm „Yogi“ gedeeft gouf

D'Beweegungsfräiheet vum Sojourner hat et erlaabt, méi Gestengs- a Buedemprouwen z'analyséieren, wéi et bei traditionelle Sonde méiglech gewiescht wier. D'Häert vun der Marsuewerfläch konnt mam Wheel Abrasion Experiment bestëmmt ginn, bei deem d'Ofschautere vun de Rieder gemooss gouf. Bis zu der leschten Iwwerdroung (27. September 1997) hat de Mars Pathfinder 16.500 Biller vun der Landeenheet a 550 vum Rover opgeholl a méi wéi 15 cheemesch Analyse vum Buedem an de Steng op d'Äerd geschéckt. Donieft goufen och nach ausféierlech Wiederdonneeë notéiert. Als warscheinlechst Ursaach fir den Ausfall vun der Sond gëtt ugeholl, datt d'Batterië bei de kalen Nuetstemperaturen um Mars agefruer sinn. No der erfollegräicher Landung gouf d'Landeenheet vun der Mars-Pathfinder-Missioun zu Éiere vum US-amerikaneschen Astronom a Planetolog Carl Sagan an Carl Sagan Memorial Station ëmgenannt. Déi neist Fuerschungsresultater a Biller goufe fir d'éischt direkt am deemools nach jonkem World Wide Web publizéiert.

Trotz dem groussen Erfolleg vun der Missioun war si ufanks „nëmmen“ als Technologie-Demonstratiounsmissioun geduecht. Sou sollt sech de Sojourner zum Beispill als éischt Gefier um Roude Planéit auszeechnen. Weiderentwicklunge vun der Missioun sinn déi änlech konzipéiert, awer vill gréisser Exploratioun Rover Spirit an Opportunity vun der NASA, déi am Januar 2004 erfollegräich um Mars gelant waren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mars Pathfinder – Biller, Videoen oder Audiodateien