Christiaan Huygens

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Christiaan Huygens

De Christiaan Huygens, latiniséiert Christianus Hugenius, gebuer de 14. Abrëll 1629 zu Den Haag, an Holland, an do gestuerwen den 8. Juli 1695 war en hollänneschen Astronom, Mathematiker a Physiker.

Aus sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Huygens gouf als Jong vum Constantijn Huygens' gebuer, dee Sproochgeléierten, Diplomat, Komponist, an deen deemools féierenden Dichter vun Holland war. Duerch säi Papp koum de Christiaan schonn fréi mat bedeitende Perséinlechkeeten a Kontakt, ënner anerem mat dem Rembrandt, Peter Paul Rubens a René Descartes. De Christiaan gouf als Kand vu sengem Papp ënnerriicht. Spéider studéiert hie Rechtswëssenschaften, wiesselt dann awer bei d'Mathematik an d'Naturwëssenschaften.

Seng éischt publizéiert Aarbecht (1651) huet sech mat der Quadratur vum Kegel befaasst. Weider huet hie sech mat der Kreeszuel π (pi) beschäftegt, souwéi mat Logarithmen an huet wichteg Viraarbechte fir d'Infinitesimalrechnung geleescht, op deenen de Leibniz an den Newton opbaue konnten.

Zu den Naturwëssenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den Huygens huet sech ëmmer méi fir déi deemools modern Beräicher vun den Naturwëssenschaften intresséiert, an zwar fir d'Optik an d'Astronomie mat Teleskopen. Hien hat Kontakt zum Leeuwenhoek, deem deemools beschte Lënseschläifer a Konstrukteur vu Mikroskopen. Kuerzzäiteg ënnersicht och den Huygens kleng Objeten ënner dem Mikroskop.

Hien huet awer zimlech séier ugefaangen, selwer Lënse fir Teleskopen ze schläifen a baut zesumme mat sengem Brudder säin éischten Teleskop. Den Huygens entwéckelt och d'Wellentheorie vum Liicht, déi et him erméiglecht huet, Lënse mat méi minimalen Ofbildungsfeeler (Aberratioun) ze schläifen a sou besser Teleskopen ze bauen.

Seng Entdeckungen erméiglechen och eng Steigerung vun der Bildschärft bei der Camera obscura an der Laterna magica. Hie formuléiert als éischten dat no him benannten Huygenssche Prinzip, dat als Grondlag vun der Wellenoptik gëllt.

Den Huygens entdeckt mat sengem selwer gebauten Teleskop 1655 fit d'éischt de Saturnmound Titan. Domat war de Saturn den zweete Planéit (vun der Äerd ofgesinn) nom Jupiter, bei deem e Mound nogewise konnt ginn.

Ausserdeem konnt hien duerch säin Teleskop erkennen, datt dat, wat de Galileo Galilei als "Oueren" vum Saturn bezeechent hat, a Wierklechkeet d'Saturnréng waren.

Hien huet och erausfonnt, datt dës Réng keng Verbindung mat dem Planéit hunn an hiert Verschwannen all 14 Joer doduerch z'erkläre war, well een d'Réng dee Moment op d'Kant gesinn huet, awer ze dënn ware fir gesinn ze ginn. .

Weider astronomesch Leeschtunge vum Huygens waren d'Entdeckung vun der Rotatioun vum Mars an d'Berechnung vun der Rotatiounsperiod (Marsdag) mat ongeféier 24 Stonnen, souwéi d'Opléisung vum Trapez am Zentrum vum Orionniwwel a véier eenzel Stären. Him zu Éiere gëtt déi hellst Regioun vum Orionniwwel och Huygens Regioun genannt. Hien entdeckt nach weider Niwwelen an och Duebelstäresystemer a mengt, datt ëm d'Venus en dichte Wollekemantel ass.

Nieft der Astronomie interesséiert sech den Huygens och fir d'Mechanik. Hie beschäftegt sech mat dem Trägheetsprinzip an de Fléihkraaften. Seng Fuerschunge vu Pendelbewegunge konnt hie beim Bau vu Pendelaueren ausnotzen. Schonn de Galilei hat eng Pendelauer entworf awer net gebaut. Den Huygens konnt seng Auer zum Patent umellen. Seng Aueren haten nëmmen eng Gangongenauegkeet vun zéng Sekonnen pro Dag. Dat war eng Prezisioun, déi eréischt honnert Joer méi spéit iwwerbuede konnt ginn. Spéider huet hien och Täschenauere mat Spiralfiederen an Onroue fabrizéiert.

A senger leschter wëssenschaftlecher Ofhandlung vu 1690 formuléiert den Huygens de Gedanken, datt et nach vill aner Sonnen a Planéiten am Universum ka ginn a spekuléiert schonn iwwer ausserierdescht Liewen.

De Christiaan Huygens gouf héich geéiert. Hie war den éischten auslännesche Wëssenschaftler, deen Éieremember bei der englescher Royal Society gouf an ass den éischten Direkter vun der 1666 gegrënnter franséischer Akademie vun de Wëssenschafte ginn. Den Isaac Newton bezeechent hien als den "elegantesten Mathematiker" vu senger Zäit.

Nom Huygens gouf eng Weltraumsond vun der European Space Agency benannt, déi de 14. Januar 2005 am Kader vun der Cassini-Huygens Missioun vun NASA an ESA um Saturnmound Titan gelant ass, wou si d'Atmosphär ënnersicht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

No him benannt sinn:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christiaan Huygens – Biller, Videoen oder Audiodateien