Mare Moscoviense
| Mare Moscoviense | |
| Eegeschaften | |
|---|---|
| Breedegrad | 27,3° N |
| Längegrad | 147,9° E |
| Duerchmiesser | 277 km |
| Selenographesch Colongitude |
212° bei Sonnenopgank |
| Numm kënnt vu | Moskau |
D'Mare Moscoviense (Lat. „Moskauer Mier“) ass eng markant, donkel Dält matzen an der bockeleger Moundrécksäit. Si ass niewent dem Mare Ingenii dat eenzegt Moundmier dëser dauernd vun eis ofgedréiter Äerdmoundsäit an guet en Duerchmiesser vu ronn 350 km.
Inhaltsverzeechnes |
Entdeckung [änneren]
Entdeckt gouf dat Mare - deemools Mare Moskwa genannt - als donkelen Objet op Biller vun der sowjetescher Moundsond Luna 3, déi am Joer 1959 fir d'éischt Biller vun der Moundrécksäit op d'Äerd gefunkt huet. Genannt gouf d'Mier no der russescher Haaptstad Moskau. Déi international Schreifweis ass wéi bei alle Strukture op dem Äerdmound passend, laténgesch.
Genesis [änneren]
D'Moskauer Mier ass ongeféier sou grouss wéi d'Mare Humorum oder d'Nectaris op der viischter Säit vun eisem Trabant, huet awer am Géigesaz zu dësen keng mierklech Schwéiereanomalie am Ënnergrond, d.h. keng Mascon an der déiwer Moundkuuscht resp. am darënner leiende Mantelgesteng. Wéi d'Moundmierer op der visueller Moundsäit dierft och dësen Aschlag duerch e groussen Asteroid entstane sinn. Opgrond vun den opfälleg donkler Buedemfierwung gëtt ugeholl, datt de Mare Moscoviense genee wéi de Moundkrater Tsiolkovskiy méi jonk ass wéi déi grouss Maria op der äerdzougedréiter Säit.
Ëmgéigend [änneren]
D'Mare Moscoviense läit an engem mat ville Krater duerchzunnem Héichchland. De Mare ass vu Reschter kreesfërmeger Biergréng ëmginn, déi sech duerch den Impakt geformt hunn. A sengem Zenter leie relativ wéineg nei Krater, wat sech mat der Theorie vun engem jonken Alters deckt. Déi gréisste Krater sinn Komarov am Südosten an den Titov am Norden. Déi eegenarteg Lag vum donkle Mare Moskwa matzen an engem hellen, kraterbedeckten Héichland fält op neie Fotoen ëmsou méi op, well nëmmen 200 km südlech eng bal gläichgrouss Struktur ass, de Risekrater Mendeleev, a süd- resp. westlech dovun de Gagarin an de Korolev. Si hu keng donkel Lava-Uewerfläch, hunn awer Mascon am Ënnergrond. Geologesch resp. selenographesch Famill sinn awer den Apollo- an den Hertzsprung-Baseng.
Schwéierfeld [änneren]
D'Moskauer Mier ass ongeféier sou grouss wéi d'Mare Humorum op der viischter Säit an huet eng ähnlech, awer méi kleng Schwéierkraaftanomalie: an der Mëtt liicht positiv, ëmgi vun engem Gebitt mat staark negativen Anomalien. Ofgesi vun der Lavafëllung gläicht dat Gravitatiousbild deem vun 3 Risekrater vun der Mondrécksäit, virun allem de ronnen Aschlagbaseng Hertzsprung op der rietser Bildhalschent.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Maria um Äerdmound
- Lëscht vun Däller um Äerdmound
- Lëscht vun den Äerdmoundkrateren
- Lëscht vu Rillestrukturen um Äerdmound
- Lëscht vu Bierger um Äerdmound
- Südpol-Aitken-Becken
Literatur [änneren]
- Rolf Sauermost (Hrsg.): Lexikon der Astronomie. Die große Enzyklopädie der Weltraumforschung. In 2 Bänden. Herder, Freiburg - Basel - Wien 1989f. ISBN 3-451-21632-9
- Antonín Rükl: Mondatlas. Werner Dausien, Hanau 1990. ISBN 3-7684-2047-7
- Taschenatlas Mars-Mond-Venus, Dausien-Verlag, Hanau 1977
Um Spaweck [änneren]
- (en) Untersuchungsergebnisse der US-amerikanische Raumsonde Clementine
- (en) Lunar.arc.nasa.gov: Mare Moscoviense
- (en) The-moon.wikispaces.com: Mare Moscoviense
- (en) http://planetarynames.wr.usgs.gov
| Maria | Anguis - Australe - Cognitum - Crisium - Fecunditatis - Frigoris - Humboldtianum - Humorum - Imbrium - Ingenii - Insularum - Marginis - Moscoviense - Nectaris - Nubium - Orientale - Serenitatis - Smythii - Spumans - Tranquillitatis - Undarum - Vaporum |
| Oceanus | Procellarum |
| Lacus | Aestatis - Autumni - Bonitatis - Doloris - Excellentiae - Felicitatis - Gaudii - Hiemalis - Lenitatis - Luxuriae - Mortis - Oblivionis - Odii - Perseverantiae - Solitudinis - Somniorum - Spei - Temporis - Timoris - Veris |
| Sinus | Aestuum - Amoris - Asperitatis - Concordiae - Fidei - Honoris - Iridum - Lunicus - Medii - Roris - Successus |
| Paludes | Epidemiarum - Putredinis - Somni |