Oceanus Procellarum
Den Oceanus Procellarum (latäin „Stiermeschen Ozean“) ass eng ganz grouss, onregelméisseg geformte Marefläch am westlechen Deel vun der äerdzougedréiter Säit vum Äerdmound. Den Numm huet hie vu fréiere Vermutungen, datt säin Ausgesinn mat dem schlechten Wieder ze dinn hätt.
Den Oceanus Procellarum ass mat 2.500 km Ausdeenung an Nord-Süd-Richtung an enger Fläch vu méi wéi 400.000 km² dat gréisst „Moundmier“. Wéi all d'Maria gouf hie vu vulkaneschen Aktivitéite gebilt, bei deene Lava a basaltescht Magma d'Gebitt mat enger décker, bal flacher Decken iwwerzunn huet. Anescht wéi déi meescht Maria, ass et awer net duerch en Aschlag entstanen, mä duerch iwwerfléissend Magma aus anere Regiounen, wourop déi onregelméisseg Begrenzung hindeit. D'Moundkuuscht ënner der Basaltcouche formt doduerch keen Aschlagbecken, mä ass relativ flaach an ouni Mascon.
Op senger ëstlecher Hallschent leie vill kleng „Mierer“ a „Buchten“. Am Nordosten ass den Oceanus Procellarum vum groussen Mare Imbrium nëmmen duerch e flaachen Iwwergank an de „Moundkarpate“ getrennt, am Südoste vum Mare Nubium duerch d'Montes Riphaeus. Am Süde grenzt en un d'Héichland beim Mare Humorum, am Südwesten un d'Aschlagbecke Grimaldi. Déi opfällegst Strukturen am Oceanus sinn, besonnesch bei Vollmound , Krateren Copernicus, Kepler an Aristarchus, déi vum Stralesystem ëmgi sinn. (kuckt d'Bild lénks).
Déi onbemannte Moundsonde Surveyor 1 an 3 souwéi Luna 9 an 13 sinn am Oceanus Procellarum gelant, genee sou wéi déi bemannt Apollo-12-Missioun.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Maria um Äerdmound
- Lëscht vun Däller um Äerdmound
- Lëscht vun den Äerdmoundkrateren
- Lëscht vu Rillestrukturen um Äerdmound
- Lëscht vu Bierger um Äerdmound
- Südpol-Aitken-Becken
Um Spaweck [änneren]
- (en) The-moon.wikispaces.com: Oceanus Procellarum
- Full Moon Atlas (interaktiv) Sektion D1, Kepler bis Mondrand
| Maria | Anguis - Australe - Cognitum - Crisium - Fecunditatis - Frigoris - Humboldtianum - Humorum - Imbrium - Ingenii - Insularum - Marginis - Moscoviense - Nectaris - Nubium - Orientale - Serenitatis - Smythii - Spumans - Tranquillitatis - Undarum - Vaporum |
| Oceanus | Procellarum |
| Lacus | Aestatis - Autumni - Bonitatis - Doloris - Excellentiae - Felicitatis - Gaudii - Hiemalis - Lenitatis - Luxuriae - Mortis - Oblivionis - Odii - Perseverantiae - Solitudinis - Somniorum - Spei - Temporis - Timoris - Veris |
| Sinus | Aestuum - Amoris - Asperitatis - Concordiae - Fidei - Honoris - Iridum - Lunicus - Medii - Roris - Successus |
| Paludes | Epidemiarum - Putredinis - Somni |