Lacus Somniorum
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lacus Somniorum, opgeholl vun der Raumsond Clementine. Ënne lénks en Deel vum Mare Serenitatis. An der ënneschter Bildmëtt de 95 km breede Krater Posidonius.
De Lacus Somniorum – latäin fir Séi vun den Dreem – ass e verstengerte Lavaséi op dem Äerdmound. Seng Bezeechnung staamt vum italieneschen Astronom Giovanni Riccioli (1598–1671) a gouf vun der IAU am Joer 1935 offiziell festgeluecht.
Déi basaltesch Déiffläch mat onregelméissegen Ëmrëss huet e mëttleren Duerchmiesser vun 384 Kilometer, e Flächeninhalt vu ronn 70.000 km² a läit am Nordosten vun der äerdzougedréiter Moundsäit bei de selenographesche Koordinaten 38° 00' Nord an 29° 12' Ost. D’Formatioun ass am Südwesten mat dem Mare Serenitatis an am Norden mat dem Lacus Mortis verbonnen.
[änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Maria um Äerdmound
- Lëscht vun Däller um Äerdmound
- Lëscht vun den Äerdmoundkrateren
- Lëscht vu Rillestrukturen um Äerdmound
- Lëscht vu Bierger um Äerdmound
- Südpol-Aitken-Becken
[änneren] Um Spaweck
| Maria | Anguis - Australe - Cognitum - Crisium - Fecunditatis - Frigoris - Humboldtianum - Humorum - Imbrium - Ingenii - Insularum - Marginis - Moscoviense - Nectaris - Nubium - Orientale - Serenitatis - Smythii - Spumans - Tranquillitatis - Undarum - Vaporum |
| Oceanus | Procellarum |
| Lacus | Aestatis - Autumni - Bonitatis - Doloris - Excellentiae - Felicitatis - Gaudii - Hiemalis - Lenitatis - Luxuriae - Mortis - Oblivionis - Odii - Perseverantiae - Solitudinis - Somniorum - Spei - Temporis - Timoris - Veris |
| Sinus | Aestuum - Amoris - Asperitatis - Concordiae - Fidei - Honoris - Iridum - Lunicus - Medii - Roris - Successus |
| Paludes | Epidemiarum - Putredinis - Somni |