Mare Imbrium

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Mare Imbrium
Lag vum Mare Imbrium.
Strukturen um Mare Imbrium:
*A – Sinus Iridum (Reeboubucht) *B – Montes Jura (Jura-Bierger) *C – Plato *D – Montes Alpes (Alpen) *E – Aristillus *F – Autolycus *G – Archimedes *H – Palus Putredinis (Fäulnis-Sumpf) *I – Hadley-Rill *J – Apollo-15-Landeplaz *K – Montes Apenninus (Apenninen) *L – Erathostenes *M – Montes Carpatus (Karpaten) *N – Copernicus *O – Montes Caucasus (Kaukasus)
D'Mare Imbrium mat der Reeboubucht an de Jura-Bierger duerch d'Dag-Nuecht-Grenz betount (Foto vun der Äerd aus mat engem 150-mm-Teleskop).
Bléck iwwer dat südlecht Mare Imbrium: Vir gesäi een de Krater Pytheas (20 km Duerchmiesser), um Horizont de Krater Copernicus (93 km) hanner der Biergkette vun de Karpaten. (Apollo 17, NASA)

D'Mare Imbrium (Latäin fir Mier vum Reen oder Reemier, well ee fréier déi donkel Déifte fir Mierer gehalen huet) ass no dem Oceanus Procellarum dat zweetgréisste Moundmier. Dat bal kreesronn, basaltgefëllte Becke vum Reemier ass duerch de virleschte groussen, Aschléi (Impakt) vun Asteroide während dem sougenannte leschtem grousse Bombardement entstanen; nëmmen d'Mare Orientale ass selenologesch méi jonk. Mat dem Imbrium-Aschlag virun 3,8 bis 3,9 Milliarde Joer geet op der lunarer Zäitskala d'nektarescht Zäitalter op en Enn, an dat imbrescht Zäitalter fänkt un.

D'Mare Imbrium beherrscht déi nërdlech Mëtt vun der äerdzougedréiter Moundsäit. D'selenographesch Koordinate vum Reemiermëttelpunkt gi vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) an der United States Geological Survey (USGS) mat 32,8 N 15,6 W an den Duerchmiesser mat 1123 Kilometer uginn. Seng Flächegréisst ass ronn 830.000 km².

Ëmgéigend[änneren | Quelltext änneren]

Am Weste geet de Basaltplateau vum Mare Imbrium an den Oceanus Procellarum iwwer. Am Nordweste läit als „Randmier“ vum Reemier d'Reeboubucht (Sinus Iridum). Am Norden trennen d'Montes Alpes („Moundalpen“) d'Reemier vum Mare Frigoris. An den Alpe läit um Rand vum Reemier deen am Duerchmiesser 101 Kilometer groussen, mat Basalt gefëllte Krater Plato. Am Oste geet d'Mare Imbrium an ee relativ schmuele Beräich tëscht dem Enn vun den zwou Biergkette Montes Apenninus a Montes Caucasus, an d'Mare Serenitatis iwwer. Südwestlech dovu leien um Südostrand vum Reemier de „Fäulnes-Sumpf“ (Palus Putredinis) an den 82 Kilometer breeden, och mat Basalt gefëllte Krater Archimedes. A südlecher Noperschaft vum Reemier leien d'„Bucht vun der Mëtt“ (Sinus Medii), d'Mare Insularum an den 93 Kilometer breede Krater Copernicus.

Biergketten[änneren | Quelltext änneren]

D'Imbrium-Becken ass vun op d'mannst dräi kreesfërmegen, konzentresche Biergréng geformt, déi duerch den Opprall vun Asteroiden entstane sinn. Si sinn awer net sou gutt erhale wéi dat bal vollstännegt Multiréngsystem ëm d'Mare Orientale. De baussenzege Rank huet en Duerchmiesser vu ronn 1.300 Kilometer an deelt sech an ënnerschiddlech Ofschnëtter op: an d'Karpaten am Süden, d'Apenninen am Südosten an de Kaukasus am Osten. Zousätzlech zu dem baussenzege Rank hunn 1962 de William Hartmann an de Gerard Kuiper Reschter vun zwéi bannenzege Réng entdeckt. De mëtteleste Rank mat engem Duerchmiesser vu ronn 1.000 Kilometer markéieren d'Alpen an d'Biergregioune bei de Krateren Archimedes a Plato souwéi bei de Montes Jura. De bannenzege Rank mat engem Duerchmiesser vu ronn 700 Kilometer ass zum gréissten Deel ënner Marebasalt begruewen. Nëmme vereenzelt Marerécker an d'Biergspëtze Mons La Hire, Montes Recti, Montes Teneriffe, Mons Pico an de Montes Spitzbergen hiewe sech iwwer de Mare-Plateau a formen zesumme mat dem Kap Laplace e grafft Rankmuster.[1]

D'Apenninebierger maachen déi gréisst Biergkette um Äerdmound an hunn Héichte vu 4 bis 5 Kilometer iwwer dem Reemier.

Ënnergrond[änneren | Quelltext änneren]

D'Lavadecken, déi am Imbrium-Becken de Mare Imbrium formt, ass bis zu fënnef Kilometer déck.[1] Am Zentrum ënner dem Mare ass eng lunar Massekonzentratioun – eng Schwéieranomalie, déi engem Masseniwwerschoss vun 0,015 bis 0,045 Prozent vun der Moundmass entsprécht. Si bewierkt eng Bunnhéichteverännerung fir Moundsatelliten déi driwwer fléien, vun ongeféier 60 bis 100 Meter.[2]

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Als éischt hunn de William Hartmann an de Gerard Kuiper 1962 an der Zäitschrëft „Communications of the Lunar and Planetary Laboratory“ d'Genesis vum Imbrium-Becken duerch en Aschlag beschriwwen.[1] Den Impakt, deen d'Reemier bewierkt huet, war den zweetgréissten an der Moundgeschicht. Seng kinetesch Energie an der Gréisstenuerdnung vun 1027 Joule war sou grouss, datt schonn eng honnertfach méi grouss Energie ausgereecht hätt, fir de Mound vollstänneg ze zerstéieren. Den Aschlag huet iwwer déi dräi Biergréng eraus en ëmfaassend Muster vu radialen a konzentresche Verwerfungen ëm den Anschlagkrater geformt. Zu dësem Muster zielen och déif Rillen, vun deenen een unhëllt, datt si duerch Material an de Moundbueden gegruef goufen, dat beim Aschlag an engem flache Wénkel erausgeschleidert gouf. Vis-à-vis op der Moundrécksäit, am Fokus vun de seismesche Wellen déi do zesummegelaf sinn, läit e chaoteschen Terrain. Den Zesummenhank mat dem Imbrium-Aschlag gëtt duerch Computersimulatioune bestätegt, no deenen dat Gebitt duerch d'Aschlagwierkung ëm 10 Meter héichgerappt gouf.

An engem Zäitofschnëtt vu virun 3,7 bis virun 3,2 Milliarde Joer huet sech d'Becken iwwer Buedemrëss mat Lava aus dem Magma vum Moundkär opgefëllt, sou datt den haitege visuelle basaltesche Mare-Plang mat maximal 100 Meter Héichtenënnerscheed an der charakteristescher donkeler Fierwung entstanen ass. De gréissten Deel vun der Basaltuewerfläch ass viru ronn 3,3 Milliarde Joer entstanen.[3]

Raumfaartmissiounen[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht de Krater Archimedes an Autolycus, eppes méi no an Autolycus, ass eng Aschlagplaz vun der sowjetescher Sond Lunik 2, déi den 13. September 1959 als éischten Objet deen de vum Mënsch fir eng Moundrees gebaut gouf, de Mound erreecht hat.[4]

Den 31. Juli 1971 ass déi bemannten US-amerikanesch Missioun Apollo 15 fir zwéin Deeg nieft der Hadley-Rill um Fouss vun den Hadley-Apennine gelant, wou och Spure vum Asteroidenaschlag sinn. Unhand vun de Brekzien déi fonnt goufen, a weideren Impaktsteng konnt dat genee Alter vum Imbrium-Becke bestëmmt ginn. Wéi och bei den Apollo-Missiounen 12, 14 a 16 gouf eng autonom Basisstatioun fir Experimenter (ALSEP) op der Mounduewerfläch installéiert. Si war ënner anerem mat engem Seismometer equipéiert, dee wäertvoll Date liwwere konnt, och iwwer seismesch Aktivitéiten um Rand vum Reemier.

D'Mare Imbrium gouf a senger entgéintgesater, nordwestlecher Randregioun vum 17. November 1970 bis zum 4. Oktober 1971 vu sowjetescher Säit duerch den onbemannten, vun der Äerd aus gesteierte Moundrover Lunochod 1 erfuerscht. De „Mound-Mobil“ war ronn 10,5 Kilometer duerch d'Mare gefuer an huet nieft enger grousser Zuel vu Biller virun allem Daten iwwer d'physikalesch Eegeschafte vum lokale Regolith.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Bezeechnung Mare Imbrium gouf fir d'éischt vum Giovanni Riccioli am Joer 1651 gebraucht. An de Joerhonnerten duerno waren och d'Nimm Mare Austriacum (nom Michael Florent van Langren, genannt Langrenus, 1645) a Lacus Marinus (nom Johannes Hevelius) a Gebrauch. Eréischt am 19. Joerhonnert huet sech fir d'Moundstrukturen d'Benennung nom Riccioli duerchgesat, an d'Bezeechnung Mare Imbrium gouf vun der IAU 1935 als offiziell Bezeechnung bestätegt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • I. N. Galkin, W. W. Schwarew: Reise zum Mittelpunkt des Mondes. Kleine Naturwissenschaftliche Bibliothek. Bd 46. MIR, Moskau 1980, 1983, BSB B. G. Teubner, Leipzig 1980, 1983. (Daten zu Impakt an Alter)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 C. A. Wood: Rund ums Mare Imbrium. S. 48–49
  2. Galkin/Schwarew: Reise zum Mittelpunkt des Mondes. S. 67
  3. G. North: Den Mond beobachten. S. 220
  4. Hans Ulrich Keller (Hrsg.): Das Kosmos Himmelsjahr 1995. Franckh-Kosmos-Verlag, Stuttgart 2004, S. 183