Montes Teneriffe

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Montes Teneriffe sinn eng Bierggrupp op der nërdlecher Hallefkugel vun der äerdzougedréiter Säit vum Äerdmound. Si ass no Teneriffa, enger Kanarescher Insel am Atlanteschen Ozean benannt. Si huet e mëttleren Duerchmiesser vun ongeféier 110 Kilometer. Déi héichste Bierger sinn bis zu 2400 Meter héich.

Am Géigesaz zu hiren ierdesche Kosénge sinn d'Teneriffa-Bierger vum Mound net vun engem Ozean ëmginn, mä vum Mare Imbrium, dem Reemier. Si hiewe sech aus dem nërdlechen Ofschnëtt vu senger Basaltfläch. Westlech vun hinnen hiewe sech doraus d'Montes Recti an am Südosten den eenzelne Bierg Mons Pico.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck [änneren]