Montes Apenninus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De nërdlechsten Deel vun de Moznd-Apennin an der Hadley-Rill an der Landeplaz vun Apollo 15.

D'Montes Apenninus ass déi gréisst Biergketten um Äerdmound. De Biergzuch ass en Deel vum Kraterwall ëm d'Becken vum Mare Imbrium a läit südlech vun de Montes Alpes. Hien huet eng Längt vu ronn 600 km an hieft sech plazeweis iwwer 5000 m an d'Luucht.

D'Mound-Apennine goufen vum Hevelius no dem Apennin an Italien genannt. Säi südlecheren Ofschnëtt gëtt am Nordwesten vum Mare Imbrium an am Südosten vum Mare Vaporum flankéiert. Doduerch gläicht d'geographesch Glidderung där vum ierdeschen Apennin, dee vum Adriatesche Mier a vum Tyrrhenesche Mier ëmginn ass.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Literatur [änneren]

Um Spaweck [änneren]

18.9-3.77Koordinaten: 18° 54′ N, 3° 42′ W