Grousst Bombardement
| Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
Als Grousst Bombardement (englesch: Late Heavy Bombardment, LHB) gëtt eng Zäit während der Entwécklung vum Sonnesystem bezeechent, an där op déi nach jonk bannenzeg Planéiten (d'Gestengsplanéite Merkur, Venus, Äerd, Mars) an den Äerdmound vill grouss Asteroiden an aner Reschtkierper vun der Planéiteformung gestierzt sinn.
Dës Epoch gëtt op d'Zäit vun ongeféier 4,1 bis 3,8 Milliarde Joer ugesat. Si hat groussen Afloss op d'Uewerflächegestalt vum Mound an op déi éischt Entwécklungsniveaue vum ierdesche Liewen. Vill vun den ageschloene Kierper ware Planéitesimaler mat Gréissten tëschent 1 a 50 km.
Inhaltsverzeechnes |
Wierkung op Mound an Äerd [änneren]
Dat grousst Bombardement konnt virun allem duerch d'Altersbestëmmunge vum Moundgestengs erfuerscht ginn, dat vun den Apollo-Astronauten 1969–1972 op d'Äerd bruecht gouf. Dobäi hat sech gewisen, datt déi meescht (ongeféier 50) vun de geschmolzene Steng duerch Aschléi an enger geologesch relativ kuerzer Period entstane waren. Mineralogesch Besonneschheete vun dëse Moundprouwen hunn op grouss Kollisioune ëm 500 Mio. Joer no der Genesis vum Äerd-Mound-System schléissen.
Duerch nei Fuerschunge sinn allerdéngs Zweifel iwwer d'Ofstamung vum datéierte Material entstanen. Et gëtt fir méiglech gehalen, datt speziell déi vun Apollo 17 am Mare Serenitatis matbruechte Prouwen tatsächlech Ejekta vum Aschlag sinn, deen d'Mare Imbrium geformt hat, déi zäitlech ugrenzend Steng aus dem Mare Serenitatis an Mare Imbrium soumatt nëmmen schäinbar wär an den Aschlag, duerch deen d’Mare Serenitatis entstong, wiesentlech méi laang zréck läit. Doduerch get d'Theorie vum Groussen Bombardement a Fro gestallt.[1]
Um Äerdmound haten déi grouss Kierper zu der Formung vun de Moundmierer gefouert, well aus hiren Aschlagplazen Magma no uewe koum a wäitreechend flaach Basalt- a Lavadecken geformt haten. Anomalien am Schwéierfeld vum Mound sinn bis haut lokal Masseniwwerschëss am Kär vun eisem Trabant nozeweisen, déi sougenannte Mascons, déi wuel duerch déi schwéier Käre oder Reschter vun den ageschloenen Asteroide bedéngt sinn.
Déi mëttelgrouss Kierper vum Bombardement (1 bis 20 km) hunn déi meescht vun de Moundkrater a Rankbierger, déi bis zu 300 km Duerchmesser hunn geformt. Als Richtwäert kann ugeholl ginn, datt den Aschlagkrater 10- bis 20-mol méi grouss ass wéi den Impaktkierper selwer.
Nom Grousse Bombardement goufen d'Aschléi méi rar, well d'Planéiten aus der Ëmgéigend hir Ëmlafbunne vun de klenge Kierper „gebotzt“ haten. Dofir hunn déi Moundkrateren duerno vill méi kleng Duerchmiesser.
D'Verhältnesser op de Planéite Merkur a Mars waren ähnlech an hir Spuren sinn och bis haut ze gesinn. Op der Äerd sinn vun de Krater vum Bombardement wéinst der Ëmwälzung vun der Äerdkuuscht duerch d'Plattentektonik an der Erosioun wiesentlech manner Spuren erhalen, ausserdeem op de Ozeanbieden nëmmen souer, déi méi jonk wéi 300 Millioune Joer sinn, also eréischt laang no dem Bombardement entstanen.
Méiglech Ursache [änneren]
Zu den Ursache vum „Grousse Bombardement“ gëtt et verschidden Hypothesen. Ufanks haten d'Planetologen ugeholl, datt d'Aschlagkierper duerch d'Asteroide wéi och Koméite entstane waren.
Déi am heefegste vertrueden Theorie ass, datt déi véier grouss, nei entstanen Gasplanéite (Jupiter, Saturn, Uranus an Neptun) duerch gravitativ Wiesselwierkung mat de Klengkierper an hirer haiteger Ëmlafbunne migréierten, wouduerch si bei de klengere Kierper wéi deene vun der haiteger Asteroiden- an Kuiperceinture massiv Bunnstéirunge ausléisten. Doduerch koumen vill Klengkierper och op staark exzentresch Bunnen, wat si méi an d'Géigend vun de véier terrestresche Planéite bruecht hat.
Aner Wëssenschaftler féieren déi vill virun 3900 Joermillioune opgeschmolzene Moundgesteng op en eenzege groussen Opschlag zréck, dee mat dem Südpol-Aitken-Becken zesummenhänke kënnt.
Kuckt och [änneren]
Literatur [änneren]
- P. Moore, G. Hunt: Atlas des Sonnensystems Herder, Freiburg-Basel-Wien 1990
Um Spaweck [änneren]
- Wissenschaft.de: Die Spuren des letzten großen Angriffs aus dem All, 15. Dezember 2007
- New Insight into Earth's Early Bombardment, space.com 17. Abrëll 2006
Referenzen [änneren]
- ↑ Paul D. Spudis, Don E. Wilhelms, Mark S. Robinson: The Sculptured Hills of the Taurus Highlands: Implications for the relative age of Serenitatis, basin chronologies and the cratering history of the Moon. In: Journal of Geophysical Research Bd. 116 (2011), doi:10.1029/2011JE003903. Siehe auch New Research Casts Doubt on Late Heavy Bombardment (astrobio.net).