2012 DA14
| 2012 DA14 | |
|---|---|
| Orbittyp | Apollo-Typ |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 1,0018 A.E. |
| Perihel – Aphel | 0,8935 – 1,1102 AE |
| Exzentrizitéit | 0,1081 |
| Inklinatioun | 10,3369 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 1,00 a |
| Mëttel Bunnvitesse | |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | ca. 46 m |
| Mass | ca. 130.000.000 kg |
| Albedo | |
| Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | |
| Absolut Hellegkeet | 24,4 mag |
| Spektralklass | |
| Entdecker | |
| Entdeckungsjoer | 23. Februar 2012 |
| Aner Bezeechnungen | |
Den 2012 DA14 ass en äerdnoen Asteroid dee bis de 15. Februar 2013 zu den Apollo-Asteroide gezielt huet]]. E gouf den 23. Februar 2012 um OAM Observatoire vu La Sagra a Spuenien entdeckt. En huet e geschaten Duerchmiesser vu 46 Meter (no aneren Donnéeën: 58 Meter[1]) an eng Mass vu ronn 130.000 Tonnen.
Inhaltsverzeechnes |
Rendez-vous am Februar 2013 [änneren]
Den 2012 DA14 koum de 15. Februar 2013 eiser Äerd bis op ronn 27.700 km (zu der Äerduewerfläch) erun[2] (0,00016 AE) , wat bannent der Ëmlafbunn vun de geostationäre Satellitte läit.
Den Asteroid hat eng visuell Magnitude vu 7,4 mag a war dofir net mam bloussen A ze gesinn. Déi klengst Distanz zu der Äerd gouf um 20:24 Auer (MEZ) iwwer Sumatra am ëstlechen Indeschen Ozean erreecht.[2] Duerch den noe Rendez-vous mat der Äerd huet d'Ëmlafbunn vum Asteroid sech geännert. E gëtt dofir net méi zum Apollo-Typ, mä zum Aten-Typ gezielt.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun äerdnoen Asteroiden
- 2008 TC3 – den éischten Asteroid, deem säin Aschlag op der Äerd am Viraus berechent gouf.
Um Spaweck [änneren]
- Physikalische Merkmale von 2012 DA14 op nasa.gov
- Aschlagswahrscheinlechkeet vun 2012 DA14 op nasa.gov
- spaceweather.com Archiv 24.012.2012
- NASA Record Setting Asteroid Flyby 28. Januar 2013
- Sterne und Weltraum Asteroid 2012 DA14 schrammt an der Erde vorbei 6. Februar 2013
Referenzen [änneren]
- ↑ spaceweather.com Archiv 5. Feb. 2013
- ↑ 2,0 2,1 Nasa-Bericht vum 04. Februar 2013
vereelste Schätzung vun der ESA vum 15. Mäerz 2012