2008 TC3

Vu Wikipedia
2008 TC3
D'Bunn vum Asteroid an der Géigend vun der Äerd
Orbittyp Apollo-Asteroid
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 1,3082 A.E.
PerihelAphel 0,89996 – 1,7164 AE
Exzentrizitéit 0,3121
Inklinatioun 2,5422 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 547 Deeg
Mëttel Bunnvitess
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 3–4 m
Mass
Albedo
Mëttel Dicht ? g/cm3
Rotatiounsperiod 99,173 s an 96,988 s
Absolut Hellegkeet 30,673
Spektralklass
Entdeckung
Entdecker R. A. Kowalski
Datum 6. Oktober 2008
Aner Bezeechnungen 8TA9D69
Gerechent Aschlagplaz

Den 2008 TC3 (provisoresch Bezeechnung vum Entdecker: 8TA9D69) war den éischten Asteroid, fir deen eng Kollisioun mat der Äerd (Antrëtt an d'Atmosphär) korrekt virausberechent gouf. Den Ofstuerz war de 7. Oktober 2008 iwwer der Nubescher Wüst erfollegt. Méint drop goufe Brochstécker vum Asteroid (Meteoritten) am Ofstuerzgebitt fonnt. (D'Bezeechnung vun de Meteoritten déi fonnt goufen ass: "Almahata Sitta")

Entdeckung, Observatiounen a Virausso[änneren | Quelltext änneren]

De ganz klengen Asteroid gouf de 6. Oktober 2008 nëmme gutt 20 Stonne viru sengem Zesummestouss mat der Äerd vum Richard A. Kowalski um Catalina Sky Survey entdeckt, wéi en nach baussenzeg vun der Äerdmoundbunn geflunn ass.[1] No der éischter Meldung hunn d'Astronomen a ville Länner d'Approche vum Himmelskierper observéiert. Astronomesch Observatioune ware bis zum Antrëtt an den Äerdschiet, de 7. Oktober um 03:49 MESZ, méiglech. Bei den Observatioune goufen och periodesch Hellegkeetsvariatioune festgestallt an doraus gouf geschloss, datt den 2008 TC3 géif aussergewéinlech séier rotéieren.[2] D'Dréiungen ëm zwou Achsen hu Periode vun 99,173 a 96,988 Sekonne gewisen[3] Aus iwwer 500 astrometresche Miessunge konnt de geneeë Kollisiounskurs berechent ginn[4]. D'Bunndate vum ongeféier 4 m groussen an 80 t schwéieren Asteroid weisen, datt hien de 7. Oktober 2008 um 04:46 MESZ iwwer dem Norde vum Sudan, an d'Nubesch Wüst ëstlech vum Nil, eroffale géif.[5] Duerch d'Bunngeometrie vum Asteroid gouf den Antrëtt an d'Atmosphär vun der Äerd mat enger klenger Relativvitess vun 12,8 km/s errechent.[6] Wéinst der klenger Gréisst vum Himmelskierper waren op der Äerd keng bedeitend Schied z'erwaarde gewiescht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Plaz an der Nubescher Wüst am Sudan, wou den 28. Februar 2009 de Peter Jenniskens, mat Hëllef vu Studenten a Mataarbechter vun der University of Khartoum Meteoritte fonnt huet

.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 2008 TC3 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Verein Kuffner – Sternwarte
  2. astrosurf.com, ofgeruff den 29. Juni 2009
  3. Shape and rotation of 2008 TC3, ofgeruff de 27. November 2009
  4. Meteoriten: Erstmals Treffer Aus Dem All Vorhergesagt bild der wissenschaft, 12/2008. Konradin Medien GmbH, Leinfelden-Echterdingen. ISSN 0006-2375
  5. BBC (25 March 2009)
  6. Don Yeomans (NASA): Small Asteroid Predicted to Cause Brilliant Fireball over Northern Sudan vom 6. Oktober 2008