Palermo-Skala

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Palermo-Skala ass eng Mooss déi d'Astronome gebrauchen, fir déi vill identifizéiert méiglech Aschléi vun äerdnoen Objeten no der jeeweiler ugemiessener Opmierksamkeet ze zortéieren. Si kombinéiert d'Wahrscheinlechkeet vum Aschlag, déi geschat kinetesch Energie (als Mooss fir potenziell Schied) an d'Zäit bis zum méiglechen Aschlag zu engem eenzege Wäert. De mathemateschen Ausdrock dofir gouf 2000 vum Prof. Richard P. Binzel (MIT) virgeschloen – an enger Aarbecht iwwer d'Turiner Skala, déi och vun him ass - an 2002 vu Chesley et al. begrënnt. Den Numm Palermo Technical Impact Hazard Scale gouf virgeschloen – als Erënnerung un d'Entdeckung vum éischten Asteroid, deen do gesi gouf.

Definitioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Mooss ass definéiert als Zéngterlogarithmus vum Verhältness R vun der Aschlagswahrscheinlechkeet PI zu der erwaarter Zuel vun Aschléi mat op d'mannst derselwechter Energie E bis zum fixéierten Zäitpunkt:

\mathcal P = \log_{10} R = \log_{10} \frac {P_\mathrm{I}} {f_\mathrm{B}(E) \Delta t}

Doran bezitt sech déi sougenannt Hannergrondaschlagsquot fB souwuel op nach onentdeckt wéi och op bekannt Objeten. Déi meescht gréisser Objeten an hir Bunne si bekannt. Zu méi klenge Gréissten hin gouf d'Energieofhängegkeet vun der Aschlagquot aus der Gréisstenverdeelung vun Äerdmoundkraterere geschat. Fir de Gebrauch an der Palermo-Skala gouf festgeluecht:

f_\mathrm{B} = 0{,}03\,(E/\text{MT})^{-0{,}8} \,.

Berechnung vun der Palermo-Zuel[änneren | Quelltext änneren]

Déi kinetesch Energie E (d'Eenheet MT bedeit Megatonnen TNT) ergëtt sech aus der Vitesse vum Objet beim Antrëtt an d'Äerdatmosphär v a senger Mass m.

D'Kollisiounsvitesse v gëtt bestëmmt aus der Relativvitesse um Kräizungspunkt v, wéi si sech aus de Bunnelementer ergëtt (d. h. ouni d'Äerd op dësem Punkt), an deen aus der Mass an dem Radius vun der Äerd berechenten Fluchtvitessen ve:

v^2 = v_\infty^2 + v_e^2 \,.

D'Mass m vum Objet ass meeschtens manner bekannt. Si gëtt aus absoluter Hellegkeet geschat, déi awer net nëmme vum Duerchmiesser, mä och vun der Albedo ofhänkt. E glécklecher Ëmstand ass, datt Objete mat donkeler Uewerfläch, déi also opgrond hirer Hellegkeet méi kleng ageschat ginn wéi si sinn, meeschtens och eng ënnerduerchschnëttlech Dicht hunn, wouduerch d'Mass selwer da blouss ongeféier ëm nëmmen ee Faktor 2 onsécher ass, wann net aus spektroskopesche Miessungen (inklusiv Radar) op d'Material vum Objet geschloss konnt ginn (sou een Opwand lount sech net fir déi meescht Objeten).

Uwendungsbeispiller[änneren | Quelltext änneren]

Am Juli 2002 hat mat (89959) 2002 NT7 fir d'éischt en Objet mat enger positiver Palermo-Zuel fir eng gewëssen Opreegung gesuergt. Duerch weider genee Miessunge konnt den Aschlagrisiko awer fir berechebar Zäit ausgeschloss ginn.

Zurzäit ass den äerdnoen Asteroid (29075) 1950 DA den eenzege bekannten Himmelskierper mat enger positiver Palermo-Zuel, nämlech 0,17 fir e méiglechen Aschlag am Joer 2880.

Den zweethéchste Wäert huet den Asteroid 2007 VK184: –1,83 fir e méiglechen Aschlag den 3. Juni 2048 mat enger Wahrscheinlechkeet vun 1:3030.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Richard P. Binzel: The Torino Impact Hazard Scale. Planet. Space Sci. 48, 2000, S. 297–303.
  • Steven R. Chesley et al.: Quantifying the Risk Posed by Potential Earth Impacts. Icarus 159, 2002, S. 423–432, online.</ref>

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]