Võ Nguyên Giáp

Vu Wikipedia
Võ Nguyên Giáp
Gebuertsnumm Võ Giáp
Gebuer 25. August 1911
Gestuerwen 4. Oktober 2013
Hanoi
Nationalitéit Vietnam
Aktivitéit Militär, Politiker, Journalist, Schrëftsteller, Staatsmann
De Võ Nguyên Giáp (lénks) mam Hồ Chí Minh zu Hanoi 1945

De Võ Nguyên Giáp, gebuer de 25. August 1911 zu An Xá, Quảng Bình, a gestuerwen de 4. Oktober 2013 zu Hanoi[1],[2], war e vietnameesesche Generol, Politiker a Guerillakämpfer.

Hie war de militäresche Chef vun de Việt-Minh-Truppe vum Hồ Chí Minh a vun der Volleksarméi vun Nordvietnam.

De Võ Nguyên Giáp huet Droit an Ekonomie studéiert a gouf da Geschichts- a Geographiesproff zu Hanoi. Fréi huet hie sech am Kampf géint déi franséisch Kolonisatioun vun Indochina engagéiert a war 1941 ee vun de Matgrënner vun der Liga fir d'Onofhängegkeet vum Vietnam (Việt Minh).

Den 22. Dezember huet hien eng Volleksarméi opgebaut, déi mat Hëllef vum amerikaneschen OSS am Nordvietnam gént d'Keeserlech Japanesch Arméi aus dem Maquis eraus gekämpft huet. 1945 gouf en Inneminister vun der Demokratescher Republik Vietnam. D'Amerikaner hunn nom Enn vum Krich séier hir Ënnerstetzung fale gelooss an et de Fransousen erlaabt, nees Kolonialmuecht ze ginn.

De Võ Nguyên Giáp gouf 1946 Commandant-en-chef vun der Nordvietnameesescher Volleksarméi, wou en als Logistiker a Militärtaktiker eng Guerillataktik entwéckelt huet, déi grousse Succès hat, an duerch déi en ë. a. déi dezisiv Schluecht vun Điện Biên Phủ, de 7. Mee 1954, géint d'franséisch Arméi, déi däitlech méi modern ekipéiert war, gewonnen huet an domat Vietnam vun der franséischer Kolonialherrschaft befreit huet.

1954 bis 1980 war de Võ Nguyên Giáp Verdeedegungsminister, a vun 1955 u Delegéierte Ministerpresident vun Nordvietnam. Hie war Member vum Zentralkommitee a vum Politbüro vun der Partei vun de Schaffende Leit vu Vietnam (Đảng Lao động Việt Nam). Hien huet am Vietnamkrich géint d'USA a Südvietnam fir eng Erëmvereenengung vum Land gekämpft a war verantwortlech fir d'Tết-Offensiv, déi, och wa se keen dauerhafte militäresche Succès war, politesch grouss Auswierkungen hat.

No der Vereenegung vun Nord- a Südvietnam 1976 gouf de Võ Nguyên Giáp Verdeedegungsminister an Delegéierte Ministerpresident vun der Sozialistischer Republik Vietnam. Hie blouf bis 1980 Verdeedegungsminister, bis 1982 Member vum Politbüro a bis 1991 Delegéierte Ministerpresident a Member vum Zentralkommitee vun der Kommunistescher Partei vu Vietnam (Đảng Cộng sản Việt Nam).

"Võ" war säi Familljennumm, am Westen ass e méi ënner sengem Virnumm Giáp bekannt.

Wierker (op däitsch iwwersat)[änneren | Quelltext änneren]

  • Vo Nguyen Giap, Volkskrieg, Volksarmee. Trikont-Verlag, München 1968.
  • Vo Nguyen Giap, Nationaler Befreiungskrieg in Vietnam. Verlag Rote Fahne, Berlin 1973.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Võ Nguyên Giáp – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Vietnam's General Vo Nguyen Giap dies, BBC News, 4. Oktober 2013.
  2. General Vo Nguyen Giap in Vietnam gestorben, Spiegel Online, 4. Oktober 2013.