Georgi Margwelaschwili

Vu Wikipedia
Georgi Margwelaschwili
Gebuer 4. September 1969
Tiflis
Nationalitéit Sowjetunioun, Georgien
Educatioun Central European University
Aktivitéit Politiker, Philosoph
Partei Onofhängeg

De Georgi Margwelaschwili (georgesch: გიორგი მარგველაშვილი), gebuer de 4. September 1969, ass e georgesche Politiker. Hie war vum 17. November 2013 bis November 2018, als Nofollger vum Micheil Saakaschwili, Staatspresident vu Georgien.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Margwelaschwili huet op der Staatlecher Universitéit vun Tbilissi Philosophie studéiert. Hie war vum 25. Oktober 2012 bis 18. Juli 2013 Educatiounsminister vu Georgien a gouf bei de Presidentschaftswalen am Oktober 2013 fir d'Sechs-Parteien-Allianz Georgeschen Dram, mat méi wéi 66 Prozent vun de Stëmmen,[1] zum President Georgien gewielt. Hie selwer ass vu kenger Partei Member.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Giorgi Margvelashvili – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Margwelaschwili gewinnt Präsidentenwahl
  2. Margvelashvili Named as GD's Presidential Candidate