Michelle Bachelet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Michelle Bachelet (2013)

D'Verónica Michelle Bachelet Jeria [βeˈɾonika miˈʃɛl baʃˈle ˈçeɾja], gebuer den 29. September 1951 zu Santiago de Chile, ass eng chilenesch Politikerin an zënter dem 11. Mäerz 2014 Presidentin vum Chile. Si hat dat Amt schonn eng Kéier vum 11. Mäerz 2006 bis den 11. Mäerz 2010.

D'Michelle Bachelet ass d'Duechter vum Generol Alberto Bachelet, dee loyal zum Salvador Allende war, an deen nom Putsch vum Augusto Pinochet gefaange geholl a gefoltert gouf, an un de Suiten dovun dat Joer drop gestuerwen ass. D'Michelle ass mat hirer Mamm an d'DDR geflücht, wou s'op der Humboldt-Universitéit Berlin Medezin studéiert huet.

1979 goung se hannescht an den Chile, wou se, nodeem se d'Studium ofgeschloss hat, Kannerdoktesch gouf.

Tëscht 1994 an 1997 huet si am chilenesche Gesondheetsministère geschafft, duerno bis 2000 am Verdeedegungsministère. Den 11. Mäerz 2000 gouf si Gesondheetsministesch, 2002 Ministesch fir Verdeedegung.

Tëscht hirem éischten an zweete Presidentschaftsmandat war si Ënnersektretärin vun de Vereenten Natiounen als Direktesch (Executive Director) vun der UN-Fraen-Organisatioun UN Women.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michelle Bachelet – Biller, Videoen oder Audiodateien