Robert Mugabe

Vu Wikipedia
Robert Mugabe
Gebuertsnumm Robert Gabriel Mugabe
Gebuer 21. Februar 1924
Kutama
Gestuerwen 6. September 2019
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Simbabwe
Educatioun Achimota School,
Universitéit vu Fort Hare,
University of Oxford,
Kutama College,
Universitéit vu Südafrika,
University of London International Programmes
Aktivitéit Politiker
Partei Zimbabwe African National Union, Zimbabwe African People's Union
Famill
Bestuet mat Grace Mugabe
Kanner Bona Mugabe
De Robert Mugabe (2008)

De Robert Gabriel Mugabe, gebuer den 21. Februar 1924 zu Masvingo a gestuerwen de 6. September 2019 zu Singapur, war e simbabwesche Politiker. Hie war de Chef vun der Zimbabwe African National Union (ZANU)-Partei a war vun 1987 bis 2017 President vu Simbabwe. Säi Virgänger war de Canaan Banana.

Vun 1980 bis 1987 war hie Ministerpresident.

Den 22. August 2013, zwéin Deeg nodeem d'Verfassungsgeriicht d'Presidentewal vum 31. Juli fir rechtméisseg erkläert hat, gouf de Mugabe fir d'siwent Kéier fir eng fënnefjäreg Amtszäit als President vereedegt.

Am November 2017 huet d'simbabwescht Parlament ofgestëmmt, fir en ofzesetzen.