Nawaz Sharif

Vu Wikipedia
Nawaz Sharif
Gebuer 25. Dezember 1949
Lahore
Nationalitéit Pakistan, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Cricketspiller, Entreprener, Affekot

De Mian Muhammad Nawaz Sharif (Urdu, Punjabi: نواز شریف), gebuer de 25. Dezember 1949 zu Lahore, ass e pakistanesesche Politiker an Industriellen.

Hie gouf de 5. Juni 2013, fir d'drëtt Kéier, zum Premierminister vu Pakistan ernannt. Virdru war hien dat schonn eng Kéier vum November 1990 bis de Juli 1993 an dann nees vum Februar 1997 bis den Oktober 1999. De Sharif ass de President vun der Pakistan Muslim League (N), der bei senger Wal stäerkster Partei am Pakistan.

Den Nawaz Sharif ass ausserdeem de Proprietär vum Ittefaq Group, engem Firme-Konglomerat, an ee vun de räichste Mënschen a Pakistan. Spëtznimm vun him sinn: "Lion of the Punjab" oder "Tiger of Pakistan".

Den 28. Juli 2017 huet d'Supreme Court de Nawaz Sharif vu sengem Amt als Premierminister suspendéiert. Hien hat falsch an inkomplett Aussoen zu sengem Verméige gemaach gehat, wat duerch d'Panama-Papers reveléiert gi war.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nawaz Sharif – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pakistans Premier stürzt über "PanamaPapers" tagesschau.de, 28. Juli 2017.