Josy Asselborn

Vu Wikipedia
Josy Asselborn
Gebuer 16. Mäerz 1929
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 22. Februar 2013
Munneref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Organist, Komponist, Pianist, Museksprofesser

De Josy Asselborn, gebuer de 16. Mäerz 1929 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 22. Februar 2013 zu Munneref war e lëtzebuergesche Pianist, Organist, Komponist a Museksprofesser. Am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg huet hie vun 1939 bis 1948 Gei a Piano geléiert a war du bis 1953 am Conservatoire vu Léck.

Hie war vun 1978 bis 1989 Directeur-adjoint vum Conservatoire vun Esch-Uelzecht. Den Direkter déi Zäit war de Fred Harles.

Kuck och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Artikel iwwer dem Josy Asselborn säi Liewen an der Revue musicale de l'UGDA, Nr. 2, Juni 2013, op www.ugda.lu