Mohammed Mursi
De Mohammed Mohammed Mursi Issa Ayyat[1][2] (Arabesch: محمد محمد مرسي عيسى العياط, Transkr.: Muḥammad Muḥammad Mursī ʿĪsā al-ʿAiyāṭ); gebuer den 20. August 1951 an der Provënz Scharqiyya, ass zënter dem 1. Juli 2012, no de Wale vum 24. Juni 2012, Staatspresident an Egypten. Hien ass och zënter dem 30. Abrëll 2011 de President vun der Fräiheets- a Gerechtegkeetspartei, déi vun de Muslimbridder no der Egyptescher Revolutioun 2011 gegrënnt gouf.
De Mursi huet Ingenieurswëssenschaften op der Universitéit Kairo studéiert an dës 1978 mat engem Master a Metallurgie ofgeschloss.[1] Dono huet e bis 1982 op der University of Southern California promovéiert.[1]
Doropshi gouf en Dozent op den Universitéite vu Kairo, vu Südkalifornien an op der California State University zu Northridge. 1985 gouf e Professer op der Universitéit vun Zagazig an Egypten, a blouf dat bis 2010. Hie war do Direkter fir d'Sectioun Materialwëssenschaft.[1]
Politik [änneren]
De Mursi ass Grënnungsmember vum Egyptesche Projetscomité fir de Widderstand géint den Zionismus.[1] An der Zäit vum Regime vum Husni Mubarak huet hien als Member vun de Muslimbridder u regierungskriteschen Demonstratiounen deelgeholl a gouf dowéinst e puer Mol verhaft, fir d'lescht 2011 fir 7 Méint.[1]
De Mursi war Member vum Comité vun de Muslimbridder bis d'Fräiheets- a Gerechtegkeetspartei gegrënnt gouf. Hie gouf zu hirem éischte President gewielt. Beim éischten Tour vun de Presidentewalen an Egypten 2012 krut hien déi meescht Stëmmen.[3] An och am zweeten Tour, Mëtt Juni 2012, huet hie sech géint den onofhängege Kandidat Ahmad Schafiq mat 51,7 % vun de gëltege Stëmme kënnen duerchsetzen.[4] Hien trëtt säin Amt den 1. Juli 2012 un.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Mohamed Morsi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Biographie op der Union of Islamic World Students Websäit (en)
- ↑ 13 Kandidaten kämpfen um Mubaraks Nachfolge, Die Zeit, 26. Abrëll 2012
- ↑ Mursi, Shafiq officially in Egypt's presidential elections runoffs. ahram.org.eg, 28. Mee 2012 (gekuckt den 29. Mee 2012).
- ↑ Ergebnis des zweiten Wahlgangs der Präsidentschaftswahlen tagesschau.de, 24. Juni 2012)