Erna Solberg

Vu Wikipedia
Erna Solberg
Gebuer 24. Februar 1961
Bergen
Nationalitéit Norwegen
Aktivitéit Politiker
Partei Høyre

D'Erna Solberg, gebuer de 24. Februar 1961 zu Bergen, ass eng norwegesch Politikerin. Si ass zanter 2004 Presidentin vun der konservativer Partei Høyre a war vum 16. Oktober 2013 bis den 13. Oktober 2021 Ministerpresidentin vun hirem Land.

D'Erna Solberg ass zanter 1989 Deputéiert am norwegesche Parlament (Storting). Vum 19. Oktober 2001 bis de 17. Oktober 2005 war si an der Regierung Bondevik II Kommunal- a Regionalministerin.

No de Parlamentswale vum September 2013 huet si eng Minoritéitsregierung aus Konservativen an der Fortschrëttspartei op d'Bee gesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Erna Solberg – Biller, Videoen oder Audiodateien