Wolga
| Wolga | |
| Längt | 3 530 km |
| Héicht vun der Quell oder Zesummelaf |
225 m |
| Duerchschnëttsdebit | 8 400 m³/s |
| Fläch vum Baseng | 1 400 000 km² |
| Leeft an: | Kaspescht Mier |
| Floss - Hydrologie | |
D'Wolga (Russesch: Волга, ass e Floss am Weste vu Russland. Se ass, mat enger Längt vun 3560 km, dee längste Floss an Europa. Virun hirer Kanalisatioun war si esouguer 3690 Kilometer laang.
An der Antikitéit war d'Wolga ënnert dem Numm Rha bekannt. Turk-Vëlker nennen se Idel (Tartaresch: İdel, Идел), op Mordwienesch heescht se Raw, Рав.
D'Wolga entspréngt um Waldai-Plateau, 225 Meter iwwert dem Mier. Se leeft duerch oder laanscht d'Stied Twer, Rybinsk, Jaroslawl, Nijni Novgorod, Kasan, Uljanowsk, Samara, Saratow, Wolgograd an Astrachan. Un hirem Enn bilt se d'Wolgadelta a leeft an d'Kaspescht Mier.
Am 20. Joerhonnert goufen aacht Staudämm un der Wolga gebaut, déi mat sech bréngen, datt se op laange Strecken éischter enger Rëtsch vu Séie gläicht. De gréissten dovunner ass dee bei Samara, aus dem Joer 1957.
Wichteg Nieweflëss sinn d'Kama, d'Oka an d'Wetluga. Iwwer Kanäl ass d'Wolga mam Baltesche Mier, dem Wäissen an dem Schwaarze Mier verbonnen.
Zënter dem Altertum war d'Wolga eng wichteg Handelsstrooss.
Kuckt och [änneren]
| Commons: Wolga – Biller, Videoen oder Audiodateien |