Jean Gremling

Vu Wikipedia
Jean Gremling
Gebuer 13. September 1921
Gestuerwen 21. Abrëll 1996
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei LSAP, Parti socialiste indépendant

De Jean Gremling, gebuer den 13. September 1921 zu Athus, gestuerwen den 21. Abrëll 1996 an der Stad Lëtzebuerg, war e Jurist a Politiker. Hie war Affekot um Barreau zu Lëtzebuerg.

Vun 1951 bis 1954, vun 1954 bis 1958, a vun 1974 bis 1979[1] war hien LSAP-Deputéierten an der Chamber. Am Abrëll 1979 huet hie seng Demissoun an der LSAP ginn. Hien huet säi Mandat an der Chamber zur Verfügung gestallt, wou hien duerch den Hary Ackermann ersat gouf.

De Jean Gremling huet de Parti socialiste indépendant (PSI) gegrënnt a gouf President vun där Partei. Bei de Chamberwale vum 10. Juni 1979 huet hien op der Lëscht "Jean Gremling - Socialistes Indépendants" vum Walbezierk Zentrum kandidéiert. Hie gouf gewielt a war vun 1979 bis 1984 PSI-Deputéierten an der Chamber.

De J. Gremling huet vun 1952 bis 1969 a vun 1976 bis 1979 d'LSAP, a vun 1982 bis 1987 de PSI am Stater Gemengerot vertrueden.[2]

Als laangjärege President vun der Société pour la propagation de l'incinération, Flamma,[3] huet hie sech fir d'Anäscherung an de Bau vun engem Krematorium[2] zu Lëtzebuerg agesat. De J. Gremling war och President vun der Libre pensée luxembourgeoise (1951-1996) an der Union mondiale des libres penseurs (1973-1996).[3],[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fayot, B., S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil, 1997. 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Edition La Mémoire Socialiste, Luxembourg, 171 S. (Jean Gremling, S. 55).
  • Roemen, R., 1996. Jean Gremling verstorben. Lëtzebuerger Journal vum 23. Abrëll 1996, S. 3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 516 - S. 517
  2. 2,0 2,1 Roemen 1996.
  3. 3,0 3,1 Fayot et al. 1997.
  4. Al. Schmitz: 100-Jahr-Feier der Luxemburger “Libre Pensée”. Freidenker: antikapitalistisch, antimilitaristisch, antiklerikal. In: La Voix, No 296 (mars 2005), 1/2005, S. 1-4. [1]