Jean de la Fontaine

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Moler. Fir de franséische Schrëftsteller, kuckt wgl. Jean de La Fontaine.
Jean de la Fontaine
Gebuer 27. Mee 1952
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Grafiker, Zeechner

De Jean de la Fontaine, gebuer de 27. Mee 1952 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Grafiker, Moler an Zeechner.[1][2] Hie lieft a schafft an der Belsch.[3]

Den de la Fontaine huet Grafikscoursë gemaach, ass awer gréisstendeels en autodidaktesche Kënschtler. Nieft senge meeschtens abstrakte Biller an Zeechnunge schaaft hien och Objeten. Hien huet sech op chineesesch Molerei an Drocktechniken an op Holzschnëttkonscht spezialiséiert.[3] Hien huet ënner anerem op der Biennale des jeunes zu Esch-Uelzecht ausgestallt, vun 1986 an de Salone vum Cercle artistique de Luxembourg an an Eenzelausstellungen zu Bréissel, 's-Hertogenbosch, an an der Stad Lëtzebuerg. Seng Aarbecht huet e puer Auszeechnunge kritt.

De Jean de la Fontaine ass en Urenkel vum Edmond de la Fontaine, dem Lëtzebuerger Nationaldichter Dicks.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • 1985 Premier prix, Biennale des jeunes zu Esch-Uelzecht.
  • 1985 Prix de la jeune peinture, Belsch
  • Palette d'or um Festival de la peinture zu Cagnes-sur-Mer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Jean de la Fontaine", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  2. Georges Hausemer (2006) Luxemburger Lexikon. Luxemburg: Editions Guy Binsfeld. ISBN 978-2-87954-156-3.
  3. 3,0 3,1 Paul Piron (2016) De Belgische beeldende kunstenaars van de 19e tot de 21e eeuw. Brussel: Ludion. ISBN 9789491819643. S. 619.