Bjarne Slot Christiansen
De Bjarne Slot Christiansen, dacks als B. S. Christiansen ernimmt, gebuer de 27. September 1952, ass e fréieren dänesche Beruffszaldot aus der Spezialunitéit Jægerkorpset dee fir de Moment seng Bréidercher mat Betreiung an Opbau vu Sportsequippe verdéngt. En etlech Televisiounsoptrëtter an e Buch Et liv på kanten (E Liewen um Bord) hunn hien an Dänemark bekannt gemaach.
Den B.S. Christiansen ass ee vun de wéinegen Dänen déi déi US-amerikanesch Ranger School absolvéiert hunn.
Zu senge Cliente gehéiert zënter 2000, wéi de Bjarne Riis hir d'Leedung iwwerholl huet, d'Vëlosequipe Team Saxo Bank an där d'Bridder Fränk an Andy Schleck fueren, fir déi hien all Joers en Trainingscamp organiséiert. Hien trainéiert d'Equipe an deem Sënn datt hie manner Wäert op d'Vëlosperformancë leet, mä den Opbau vum Equippegeescht an éischter Plaz gesäit.