Jang Linster

Vu Wikipedia
Jang Linster
Gebuer 17. Dezember 1952
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kënschtler, Museksproduzent
Famill
Geschwëster Léa Linster, Maryse Linster

De Jang Linster, gebuer de 17. Dezember 1952, ass virun allem bekannt duerch seng Musek- a Videoproduktiounen a Lëtzebuerger Sprooch. Hie bedreift en eegenen Tounstudio zu Fréiseng, an deem nieft sengen eegene Produktiounen awer och aner Kënschtler a Gruppen opgeholl ginn.

De Jang Linster ass bestuet an huet zwee Kanner, an hien huet dräi Schwësteren, vun deene virun allem d'Léa als Kächen an d'Maryse als Keramikkënschtlerin bekannt ass. Richteg bekannt gouf hie mat sengen éischte Produktiounen, zesumme mam Fausti, Enn vun den 1980er Joren. Zanterhier bréngt hie reegelméisseg Placke fir d'Fuesent a Chrëschtdag eraus. An der Mëtt vun den 1990er Jore koumen dunn déi éischt Videoproduktiounen eraus: Zeechentrickfilmer fir kleng Kanner, déi meeschtens ëm d'Theema "Chrëschtdag" dréien. Nieft den eegene Produktioune ginn am Studio virun allem awer och Reklamme fir de Radio opgeholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]