Léa Linster
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Léa Linster, gebuer de 27. Abrëll 1955, ass eng lëtzebuergesch Kächen.
D'Léa Linster huet Droit studéiert, mä nom Doud vun hirem Papp huet se deem seng Auberge iwwerholl, déi se no an no zu engem wäitbekannte Restaurant ausgebaut huet. Den Duerchbroch hat se, wéi se 1989 de Bocuse d'Or gewonnen huet. Si féiert dräi Restauranten zu Lëtzebuerg. Zanter 2001 schreift si fir déi däitsch Zäitschrëft Brigitte an huet och eng Emissioun op der Saarlännescher Tëlee.
De Januar a Februar 2011 ass si zoustänneg fir d'Menüen, déi bei der Lufthansa an der éischter an an der Business Klass zerwéiert ginn.
D'Léa Linster huet ee Jong. Si ass d'Schwëster vum Jang Linster.
Gielercher (Auswiel) [änneren]
- 1983: Grand Prix Mandarine Napoléon
- 1987: éischte Michelin-Stär
- 1987: Maître cuisinier als éischt Fra zu Lëtzebuerg
- 1989: Bocuse d'Or als bis ewell eenzeg Fra
- 1989: Trophée Europe
- 2007: Goldmedail vun der Fondation du Mérite Européen
D'Léa Linster mam Jacques Santer (l.) an hirer Kachemissioun op der Saarlännescher Tëlee
Bicher [änneren]
- Einfach und genial. Die Rezepte der Spitzenköchin Lea Linster, Goldmann Verlag, München 2002, 160 S., 200 s/w. Abb., ISBN 3-442-39032-X
- Best of Lea Linster , von Lea Linster, Paul Bocuse, Susie Knoll, Guy Hoffmann, Lea Linster Verlag 2003, 180 S., ISBN 2-9599854-1-9
- Rundum genial! Neue Rezepte der Spitzenköchin Lea Linster, Goldmann Verlag, München 2005, ISBN 3-442-39084-2
- Kochbuch Lea Linster - Cuisinière, Vorwort von Lea Linster und Paul Bocuse, Ottweiler Druckerei 2006, 184 S., ISBN 3-938381-04-3
- Kochen mit Liebe: neue Rezepte der Spitzenköchin Lea Linster, Diana-Verlag, München 2007, ISBN 978-3-453-28510-1
- Einfach fantastisch. Neue Ideen, Tipps & Tricks der Spitzenköchin. Heyne Verlag, 11/2009, ISBN 978-3-453-28524-8
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Léa Linster – Biller, Videoen oder Audiodateien |