Leo Trotzki

Vu Wikipedia
Leo Trotzki
Portrait vun 1917
Gebuertsnumm Лейб Давидович Бронштейн
Pseudonym Троцкий, Перо, Антид Ото, Л. Седов, Старик
Gebuer 26. Oktober 1879 jul.
Gestuerwen 21. August 1940
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Sowjetrussland, Sowjetunioun, Mexiko
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Autobiograph, Philosoph, Revolutionär, Militär, Historiker, Journalist, Schrëftsteller
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun, SPS

De Lew Dawidowitsch Trotzki, Leo Trotzki, och Trotzky oder Trotski, russesch: Лев Давидович Троцкий, eigentlech Lew Dawidowitsch Bronstein, russesch: Лев Давидович Бронштейн, gebuer de 26. Oktober Jul./ 7. NovemberGreg. 1879 zu Janowka, an der Ukrain, a gestuerwen den 21. August 1940 zu Coyoacán am Süde vu Mexiko-Stad, war e kommunistische Politiker, russesche Revolutionär a marxisteschen Theoreetiker.

Politescht Liewen a Wierken[änneren | Quelltext änneren]

D'Ufäng[änneren | Quelltext änneren]

Scho mat zwanzeg Joer gouf den Trotzki 1899 wéinst politescher Agitatioun géint zaristesch Regierung verurteelt an no Sibirie verbannt, vu wou en awer 1902 flüchte konnt. Hie koum dunn op London wou hien de Lenin kennegeléiert huet a gläich drop der Sozialdemokratescher Aarbechterpartei vu Russland bäigetrueden ass. Wéi déi Partei sech 1903 a Bolschewiki, ënner dem Lenin, an a Menschewiki, ënner dem Martow, gespléckt huet war den Trotzki eng Zäit op der Säit vun de Menschewiki an huet ferm géint de Lenin polemiséiert.

Enn 1905, erëm zeréck a Russland, gouf hien de Chef vum Aarbechtersowjet zu Sankt Péitersbuerg. Awer net laang, wëll hie gouf nees vun der zaristescher Police verhaft an alt erëm an d'Verbannung geschéckt. Mee, schonn um Transport dohin konnt hie flüchten an huet sech no Éisträich ofgesat. Duerno huet hien an verschiddene Länner an Europa an och an den USA als Journalist geschafft a politesch militéiert.

D'Oktoberrevolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Am Mee 1917 koum den Trotzki aus den USA iwwer Kanada zeréck op Petrograd, dat fréiert an haitegt Sankt Péitersbuerg, wou e sech schlussendlech de Bolschewiki ugeschloss huet. Zesumme mam Lenin a mam Stalin huet hien als zweete Mann am Petrograder Sowjet d'Oktoberrevolutioun virbereet a gehollef se duerchzeféieren. Nodeem d'Bolschewiki d'Muecht iwwerholl hate koum den Trotzki an d'Regierung a gouf Vollekskommissär vum Exterieur.

De Vollekskommissär[änneren | Quelltext änneren]

A Generolsuniform vun der Rouder Arméi, 1918

An där Funktioun war den Trotzki 1917/18 de Chef vun der russescher Delegatioun zu Brest-Litowsk bei de Friddensverhandlunge mam Däitsche Räich an dem sengen Alliérten. No laange Verhandlungen huet hien de Friddensvertrag vu Brest-Litowsk den 3. Mäerz 1918 fir d'russesch Säit ënnerschriwwen. Domat war den Éischte Weltkrich am Oste vun Europa eriwwer an Däitschland/Éisträich hat do de Réck fräi. Den Trotzki war awer onzefridden iwwer dat wat hien ee "Friddensdiktat" genannt huet an ass den Dag drop vu sengem Posten als Vollekskommissär zeréckgetratt.

Dunn ass him gläich d'Vollekskommissariat fir d'Krichswiesen uvertraut ginn an hie gouf och zum Virsëtzende vum Ieweschte Militärrot ernannt. Vun 1918 bis 1924 huet hien d'Rout Arméi opgebaut an huet déi och wärend dem Russesche Biergerkrich, 1918 bis 1922, géint déi auslännesch Interventiounstruppen a géint d'Wäiss Arméi erfollegräich kommandéiert.

Parteiausschloss an Exil[änneren | Quelltext änneren]

De Muechtkampf an der Partei 1924, nom Doud vum Lenin, huet den Trotzki géint de Stalin verluer. De 6. Januar 1925 gouf hie gezwongen als Vollekskommissär zeréckzetrieden a krut manner wichteg Posten.

Wéi den Trotzki dem Stalin seng politesch Decisiounen ëmmer méi kritiséiert huet, gouf hien 1927 aus der kommunistescher Partei ausgeschloss. 1928 gouf hien a Kasachstan verbannt an 1929 aus der Sowjetunioun ausgewisen.

Am Exil huet hie weider mat senge Verëffentlechungen de Stalinismus bekämpft an 1938 déi IV. International gegrënnt.

D'Ermuerdung[änneren | Quelltext änneren]

Dem Trotzki säi Büro, an deem hien doutgeschloe gouf

Hie gouf 1940 a Mexiko am Optrag vum Stalin vun engem Agent vum russesche Geheimdéngscht NKWD, dem Spuenier Ramón Mercader, mat enger Äispiosch ëmbruecht. De Mercader krut dofir de Gielchen Held vun der Sowjetunioun. Hien ass domat ee vun de wéinegen Auslänner déi dës héich Auszeechnung kruten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leo Trotzki – Biller, Videoen oder Audiodateien