Henri Klein
Den Henri Klein oder Bizzi Klein, gebuer de 14. Abrëll 1944 zu Uewerkuer a gestuerwen de 7. September 1995 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Foussballspiller. [1]
Tëschent dem 27. Oktober 1963 am 5. November 1969 huet de Bizzi Klein 10 mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt an dobäi 4 Goler geschoss. [2]
Den Henri Klein huet seng Carrière als Foussballspiller beim CS Uewerkuer ugefaang an ass du bei FA Red Boys Déifferdeng gewiesselt wou hie bis 1964 bliwwen ass. Duerno war hien 2 Joer beim Royal Football Club de Liège fir duerno bei de KVK Tirlemotnt zewiesselen wou hie vun 1966 bis 1968 war. An der Saison 1968/69 war hie bei de Vancouver Royals a Kanada wou hien 20 Goler geschoss huet. [3]. Duerno koum hien zréck op Lëtzebuerg bäi d'Red Boys Déifferdeng fir d'Saison 1969/70 ier hie fir 2 Joer bäi den FC Utrecht gaang ass. Hien huet seng Carrière bei de Red Boys an der Saison 1972/73 opgehal. [4]