Konrad Zuse

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Konrad Zuse am Joer 1992

De Konrad Zuse, gebuer den 22. Juni 1910 zu Berlin, a gestuerwen den 18. Dezember 1995 zu Hünfeld bei Fulda, war een däitschen Ingenieur a Computer-Pionéier. Hie gëllt als den Erfinder vum éischte funktiounsfäegem Computer.

Zu Berlin gebuer, studéiert de Konrad Zuse op der Technischen Hochschule Berlin-Charlottenburg fir d'éischt Maschinnebau, dann Architektur a schliisslech Bauingenieurswiesen. Nieft senger Aarbecht als Statiker bei den Henschel-Flugzeugwerken huet hien 1938 den elektresch ugedriwwene mechanesche Computer Z1 mat begrenzter Programméierméiglechkeete gebaut, dee Befehle vu Lachsträifen ofgelies huet. Allerdéngs huet dës Maschinn opgronn vun Onzouverlässegkeete vun hire Baudeeler net richteg funktionéiert. Zwee Joer drop realiséiert hien Z2, eng verbessert Versioun mat Hëllef vun Telefonsrelaien a grënnt seng eege Firma "Zuse Apparatebau".

Mat der Z3 baut den Zuse 1941 deen éischte wierklech funktiounsfäegen a fräi programméierbare Computer. Dës Maschinn mat sengem Späicher an Zentralrecheneenheet aus Telefonsrelaien huet um binärem Zuelesystem baséiert a gëllt haut als den éischte Computer vun der Welt. D'Z3 stoung un de Grenze vun den theoreteschen Ufuerderunge vun der Turingmaschinn gerecht ze ginn. Dëst konnt 1998 bewise ginn.

Seng Firma an d'Z3 goufen am Zweete Weltkrich, 1945 vun enger Bomm getraff a vollkommen zerstéiert. Déi zum Deel schonn fäerdeg gebauten Z4 konnt awer nach mat Zäit a Sécherheet bruecht ginn. Si gouf spéider op der ETH Zürich installéiert a war zu deem Zäitpunkt deen eenzege funktiounsfäege Computer an Europa. Während dem Krich huet den Zuse d'Plankalkül, déi éischt universell Programméiersprooch vun der Welt entworf, déi awer eréischt am Joer 2000 op den deemolege Computeren implementéiert konnt ginn.

Nom Krich 1949 grënnt den Zuse schliisslech "Zuse KG", déi puer Joer drop 1200 Leit beschäftegt an deen éischte kommerzielle Seriecomputer vun der Welt hirstellt. Bis 1967 goufen am Ganzen 251 Computere gebaut, ënner anerem Z22, deen éischte Computer mat Magnéitspäicher. 1964 verléisst hien d'Firma, déi spéider wéinst wirtschaftleche Schwieregkeete vu Siemens iwwerholl gëtt. Hie widmet sech verstäerkt der Hobbymolerei a stierft 1995 am Alter vun 85 Joer am ësthesseschem Hünfeld.

Deen eenzege voll funktiounsfäegen Z22, haut am Zentrum für Kunst und Medientechnologie zu Karlsruhe

De Konrad Zuse huet eng ganz Rëtsch vun Auszeechnungen an akademesch Titele fir seng Verdéngschter krut. No him sinn zwou Medaile benannt, déi ënner anerem vun der "Gesellschaft für Informatik" fir besonnesch Leeschtungen um Gebitt vun der Informatik vergi ginn.

Een nogebaute Modell vu senger Z3 steet haut am däitschem Musée zu München, ee weideren Nobau vun der Z1 ass am däitschen Technikmusée zu Berlin. Eng restauréiert a voll funktiounsfäeg Z22 mat der Seriennummer 13 ass dem "Zentrum für Kunst und Medientechnologie" zu Karlsruhe am Mäerz 2005 iwwergi ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rojas, Paul: Die Rechenmaschinen von Konrad Zuse, 1998, Springer Verlag, 221 S.
  • Alex, Jürgen; Flessner, Hermann; Mons, Wilhelm: Konrad Zuse, 2000, Parzeller Verlag, 264 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Konrad Zuse – Biller, Videoen oder Audiodateien