Gérard de Vaucouleurs

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Gérard-Henri de Vaucouleurs, gebuer de 25. Abrëll 1918 zu Paräis a gestuerwen de 7. Oktober 1995 zu Austin, Texas) war e fransésch-amerikaneschen Astronom.

Seng Aarbechte fänkt hien zu Paräis am Institut fir Astrophysik un. No engem Openthalt zu London geet hien am Joer 1951 no Australien a fuerscht um Mount Stromlo Observatoire. Vun 1960 un schafft a fuerscht de Vaucouleurs an der Universitéit vun Texas.

Schwéierpunkt vu senge Fuerschunge waren d'Galaxien. Hien ass och Matauteur vum Third Reference Catalogue of Bright Galaxies. Seng Fuerschungen iwwer hell, relativ no Galaxie hunn zu der Entdeckung vu Lokale Superkéip an der Antlia-Zwerggalaxis gefouert. Sonn am Joer 1948 publizéiert hien d'Gesetz vum Vaucouleurs oder de-Vaucouleurs-Profil, dat d'Hellegkeetsverdeelung an elliptesche Galaxie als Funktioun vum Zenterofstand beschreift.

Wierker[änneren]

  • Physics of the Planet Mars (1954)
  • Reference Catalogue of Bright Galaxies (1964, 1976, 1991)

Éierungen[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie