Anthony Minghella
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Anthony Minghella, gebuer de 6. Januar 1954 op der Isle of Wight, Groussbritannien a gestuerwen den 18. Mäerz 2008 zu London, war e briteschen Auteur a Regisseur vun Theaterstécker a Lauschterspiller, Dréibuchauteur, Filmregisseur a -produzent.
Bekannt gouf en international fir säi Film The English Patient, fir deen en 1997 den Oscar fir déi bescht Regie krut.
[änneren] Filmografie als Regisseur (Auswiel)
- 1991: Truly Madly Deeply mam Alan Rickman
- 1993: Mr. Wonderful mam Matt Dillon an Annabella Sciorra
- 1996: The English Patient mam Ralph Fiennes, Juliette Binoche a Kristin Scott Thomas
- 1999: The Talented Mr. Ripley mam Matt Damon a Gwyneth Paltrow
- 2003: Cold Mountain mam Nicole Kidman a Jude Law
- 2006: Breaking and Entering mam Jude Law a Robin Wright Penn