Don LaFontaine

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Don LaFontaine

Den Donald ("Don") LaFontaine, gebuer den 2. August 1940 zu Duluth a gestuerwen den 1. September 2008 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Stëmm-Schauspiller, dee berümt ass dofir, fir eng 5.000 Film-Traileren a méi wéi 350.000 Televisiounsreklammen, Programmhiwieser a Videospiller den Text geschwat ze hunn.

Duerch seng streng an schwéier Stëmm krut hien de Spëtznumm Thunder Throat, The Voice of God oder einfach The Voice.[1] E vill gebrauchte Saz "In a world..." vun him ass praktesch zu engem Cliché ginn.

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen